Ersetzt de Jean-Claude StrasserMarcel Heinen neie Schäffen zu Iechternach

RTL Lëtzebuerg
De Marcel Heinen vun der DP ass neie Schäffen zu Iechternach. Hien iwwerhëlt d'Successioun vum Jean-Claude Strasser vun der LSAP.
© RTL

Et gouf e Remaniement am Schäfferot zu Iechternach. Via ministeriellen Arrêté ass de liberale Marcel Heinen neie Schäffe genannt ginn. Hien ersetzt domat de Jean-Claude Strasser vun der LSAP, dee bis ewell nieft dem Ben Scheuer zweete Schäffe war.

Am Juni 2023, also no de Walen, war scho festgehale ginn, dass an der zweeter Hallschent vun der Legislaturperiod de Poste vum zweete Schäffe vun engem Vertrieder vun der DP wäert iwwerholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO