De laangjäregen ADR-Deputéierte stäipt dem aktuellen Europadeputéierte Fernand Kartheiser bei der Russlandpolitik de Réck. Kritik gëtt et wéinst dem Avortement un der CSV.
Och wann hien zanter sechs Joer an der Pensioun ass, huet de Gast Gibéryen nach ëmmer eng staark Meenung, wat déi politesch Aktualitéit ugeet. Dat huet de laangjäregen ADR-Deputéierten e Méindeg de Moien als Invité vun der Redaktioun bewisen. Hien huet zum Beispill d'CSV dofir kritiséiert, datt si den Avortement an d'Verfassung opgeholl huet an dem Fernand Kartheiser seng Russlandpolitik verdeedegt.
D'ADR wier déi eenzeg Partei zu Lëtzebuerg, déi nach riets vun der Mëtt steet. Et wier awer net sou, datt d'ADR an deene leschte Jore méi no riets geréckelt wier, mee aner Parteien, notamment d'CSV, wier méi no lénks geréckelt. Dee beschte Beweis dofir wier, datt den Avortement an d'Verfassung ageschriwwe gouf, dobäi hätt et dofir guer keng Necessitéit ginn.
"An awer huet do eng CSV, mat engem C dran, eng chrëschtlech Partei, ass se do der lénker Partei, wat fréier d'Kommuniste waren, op de Läim gaangen a se huet deenen de néidege Quorum ginn, fir dat an d'Verfassung ze schreiwen. Dat hunn ech net verstanen, d'CSV misst op mannst sou fair sinn an den C aus hirem Numm sträichen."
Déi Decisioun wier virun allem dowéinst grave, well et an Zukunft wuel ni méi eng Majoritéit dierft ginn, fir se nees zeréckzehuelen.
Generell bewäert de Gast Gibéryen, deen 31 Joer an der Chamber souz, d'Aarbecht vun der CSV-DP-Regierung awer guer net sou schlecht. Dowéinst géing d'ADR an der Chamber och dacks Gesetzer matstëmmen a keng Frontaloppositioun maachen.
Datt d'Regierung eng Reform vum Pensiounssystem ugestouss huet, wier gutt, mee et hätt ee misste méi wäit goen. D'ADR hätt zum Beispill een degressiven Ajustement proposéiert, wou déi Leit mat de klenge Pensiounen den Ajustement ganz kréien an deen dann no an no erof geet bis bei d'Zomm vun 9.000 Euro. Wie méi wéi 9.000 Euro Pensioun kritt, hätt also guer keen Ajustement méi zegutt.
Bei der Tripartite wieren eng Partie gutt Decisioune geholl ginn, dorënner och d'Erhéijung vum Mindestloun iwwert ee Crédit d'impôt. Et wier awer schued, datt bei der Mindestpensioun näischt bäikomm wier.
Ee Sujet, deen zimmlech polariséiert, ass d'Russlandpolitik vum ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser. Dëse war dowéinst aus der EKR-Fraktioun am Europaparlament geworf ginn an de Robert Mehlen huet als Reaktioun dorobber d'Partei verlooss. De Gast Gibéryen stellt sech awer hannert d'Argumentatioun vum Fernand Kartheiser.
"Fir mech ass de Putin een Diktator, et ass eng Diktatur, dat ass fir mech ganz kloer. An awer soen ech, och wa mer gären ee Resultat kréien, komme mer net dolaanscht, fir mat ëm ze schwätzen. A mir hunn hei an Europa eng Mentalitéit, fir ze soen, mir schwätzen iwwerhaapt net a mir stinn als Europa am Fong wéi domm Jongen um Trottoir, mam Fanger am Mond nozekucken, well déi aner vun der Welt, déi grouss Länner wéi Amerika, China a Russland, déi schwätze mateneen."
Nëmme sou kéint een zu engem Resultat kommen. De Robert Mehlen an hien hätten op deem Punkt zwar ënnerschiddlech Meenungen, mee si géingen awer Kolleege bleiwen.
Invité vun der Redaktioun: Gast Gibéryen
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.