
Konkreet geet et ëm en Abroch an d'Lokal "Simon Says Chicken" den 29. September géint 23:58 Auer zejoert. Videoopname géinge weisen, datt zwou Persounen hei agebrach sinn an d'Keess geklaut hunn. Op d'mannst eng vun hinnen ass op Biller z'erkennen, déi d'Police elo publizéiert huet.
Wien d'Persoun op de Biller kennt, oder aner hëllefräich Infoen zum Abroch huet, ass gebieden, sech um Hollerecher Policebüro ze mellen, dat ënnert der Nummer (+352) 244 44 1000 oder per Mail u police.gare@police.etat.lu.