Reckeng op der MessZwee Blesséierter no Kollisioun tëscht Auto a Minibus

RTL Lëtzebuerg
De SAMU vun Esch an deen aus der Stad waren op den Asaz geruff ginn.
© Laurent Weber

Kuerz no 6 Auer e Freideg de Moien gouf et méi e schwéiert Accident an der Dräikantonsstrooss tëscht Reckeng op der Mess a Betteng op der Mess.

En Auto an e Minibus hate sech frontal ze pake kritt. Zwou Persoune goufe blesséiert, eng dovun schwéier. D'Streck war eng Zäit ganz gespaart.

Nieft dem SAMU aus der Stad a vun Esch waren d'Pompjeeë vu Monnerech op d'Plaz geruff ginn, grad ewéi Ambulanze vun Esch a Schëffleng.

Back to Top
CIM LOGO