
De CGDIS krut en Donneschdeg de Moien ëm 1:08 Auer en Accident op der A13 Richtung Péiteng am Tunnel Markusbierg gemellt. Hei goufen zwou Persoune verwonnt, nodeems zwee Autoe sech ze pake kruten. D'Ambulanze vu Beetebuerg, der Stad a vu Réimech, sou wéi de Samu vun Esch an d'Pompjeeë vu Réimech a Kanech waren op der Plaz.
Och d'Police confirméiert dësen Accident an hirem Bulletin a preziséiert, dobäi, datt den Accident duerch e Geeschterfuerer verursaacht gouf. Dëse wier op der falscher Fuerbunn op der rietser Spuer a Richtung Diddeleng gefuer woubäi en Auto aus der entgéintgesater Richtung nach esou just auswäichen an eng Frontalkollisioun evitéiere konnt. Trotzdeem si béid Gefierer un der Säit matenee kollidéiert an de Geeschterfuerer huet sech mat sengem Auto iwwerschloen. D'Streck war temporär gespaart. Béid d'Chaufferen, bei deenen och béid Alkoholtester positiv ausgefall sinn, koume fir eng Kontroll an d'Spidol.
Ee Blesséierte gouf et e Mëttwoch am fréien Owend dann nach ëm 18:20 Auer zu Eech an der Rue de Muhlenbach, wou eng Persoun vun engem Auto ugestouss gi war. Hei war d'Ambulanz an d'Pompjeeën aus der Stad am Asaz.
Eng Kollisioun tëscht zwee Autoe war et dann e bësse méi spéit ëm 20:24 Auer an der Rue Prinicpale zu Neihaischen ginn. Heibäi ass awer keen ze Schued komm.
Zu Branebuerg um Fischbacherhof hat et dann nach e Vegetatiounsbrand ginn an zu Hoen an der Rue de Steinfort hat ee Schäffche gebrannt. Och hei gouf et jeeweils kee Blesséierten.
Zwee weider Accidenter gouf et dann och en Donneschdegmoien:
Um Belval waren um 9 Auer tëschent der Zue de Belval an dem CR168 en Auto an e Motorrad aneneegerannt, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. D'Escher Secouriste waren op der Plaz.
Bal zäitgläich dann en Accident op der A4 tëschent Leideleng-Nord an dem Zéissenger Kräiz. Hei sinn zwee Autoe matenee kollidéiert, woubäi zwou Persoune blesséiert goufen. Am Asaz waren d'Rettungsekippen aus der Stad, Monnerech, Leideleng a Suessem-Déifferdeng.