Police sicht ZeienEe liewensgeféierlech an ee liicht Blesséierte bei Messerpickerei

Andy Brücker
Luc Marteling
Claude Zeimetz
Vill Blutt um Buedem an zwee Verdächteger gepëtzt: Um Bord vun de gratis Concerten e Dënschdeg den Owend um Glacis koum et zu engem uergen Tëschefall.
E liewensgeféierlech an e liicht Blesséierte bei Messerpickerei um Lampertsbierg
Vill Blutt um Buedem an zwee Verdächteger gepëtzt: Um Bord vun de gratis Concerten e Dënschdeg den Owend um Glacis koum et zu engem uergen Tëschefall.

Wat et méi spéit ginn ass, wat d'Stëmmung um Glacis ëmmer besser gouf: D'gratis Concerte vun de "City Sounds" haten op Nationalfeierdag vill Leit an d'Stad gelackelt an dat trotz den héijen Temperaturen, déi owes awer besser ze erdroe waren.

Opreegung um Lampertsbierg dunn awer géint 22:15 Auer, wéi Police a Secouristen stënterlech op en Asaz geruff goufen: Um Eck vun der Avenue de la Faïencerie mam Boulevard de la Foire, also tëscht Glacis a Park, hate sech Persounen an d'Hoer kritt a ware mam Messer openeen duergaangen. Kuerz drop huet een, esou Zeie géintiwwer RTL, vill Blutt um Buedem gesinn.

Bei där Messerpickerei goufen zwou Persoune blesséiert, dat huet eis de CGDIS op Nofro confirméiert. Och d'Police huet an der Nuecht iwwer de Virfall informéiert. Hiren Infoe wier dat Ganzt an der Allée Scheffer geschitt.

Eng Persoun koum mat liichte Schnëtt-Blessuren dervun, déi aner gouf dogéint liewensgeféierlech an der Géigend vum Hals verwonnt, esou datt den Dispositif, deen de CGDIS wéinst de Concerten op der Plaz hat, de Samu als Renfort geruff hat.

Béid Affer koumen no enger éischter Behandlung op der Plaz an d'Spidol.

Zeie gesicht

Den Hannergrond vun der Dot ware Streidereien tëscht 2 Gruppe vu Leit.

D'Police sicht dann och no Zeien: Wien eppes iwwer de Virfall oder d'Täter ka soen, gëtt gebieden, dat per Mail un spj.ip-info@police.etat.lu ze maachen. Falls ee Videoen oder Fotoe vum Virfall hätt, kënnen dës iwwert de follgende Link agereecht ginn: https://upload-police.public.lu/apps/forms/embed/bQbLoFxB5a5FEd4EPeKGJsY9

Parquet gëtt weider Prezisiounen

E Mëttwoch de Moien huet de Parquet da weider Prezisiounen zum Virfall matgedeelt. Vun den zwou blesséierte Persoune wier déi, déi uerg verwonnt gouf, fir den Ament stabel. Méiglech Komplikatioune kéinten awer nach opdauchen.

An enger éischter Phas ware jo zwee Verdächteger festgeholl ginn, de Parquet deelt dann och mat, datt antëscht ee vun hinnen op Uerder vum Parquet verhaft gouf an de Mëtteg dem Untersuchungsriichter virgefouert gëtt. Et handelt et sech ëm e Mann vu 44 Joer. Géint deen zweete Verdächtegen gouf et net genuch Indicen, fir e festzehalen. Dem Porte-Parole vum Parquet no war a Priori ee Messer am Spill. De geneeën Hannergrond, wéi vill Leit involvéiert waren a wéi et zu der Messerpickerei komm ass, muss alles nach gekläert ginn. D'Ermëttlunge géifen op Héichtoure lafen a sou munches bleift nach ze klären, sou de Parquet. Et war dëst eng vu méi Messerpickereien an de leschten Deeg zu Lëtzebuerg.

Stater Buergermeeschtesch zitt awer positive Bilan vum "City Sounds"

D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer zitt trotz der Messerpickerei um Bord vum "City Sounds" e positive Bilan vun de Concerten um Glacis. Et wier "en enorme Succès" gewiescht mat 30.000 Leit an "ouni gréisser Problemer", sot d'DP-Politikerin am RTL-Interview.

D'Messerpickerei wier baussent dem Concertssite am Kader vun enger Kläpperei gewiescht. Méi kéint si net dozou soen. Ausser datt Police a CGDIS direkt op der Plaz gewiescht wieren.

D'Lydie Polfer betount, datt jiddereen an den Agäng fir op de Site "ganz staark" kontrolléiert wier, fir datt keng Messeren oder soss geféierlech Objeten mat era geholl géifen.

Leit, déi op der Plaz waren, hunn déi Kontrollen deels awer manner streng empfonnt.

Police mellt weidere Virfall mat Stéchblessur vun Dënschdegmoien

Wéi e Mëttwoch de Moien dann am Policebulletin ze liesen ass, koum et en Dënschdeg och scho moies zu engem anere Virfall mat enger Stéchblessur. D'Police wier géint 5:30 Auer iwwert en heftege Sträit an der Montée de Clausen informéiert ginn. Wéi d'Beamten op d'Plaz koumen, hu si e Mann mat enger déiwer Schnëttwonn fonnt. Hie gouf versuergt bis eng Ambulanz op der Plaz war. Och hei goufen no enger Enquête zwee Verdächteger op Uerder vum Parquet festgeholl an am Nomëtten dem Untersuchungsriichter virgefouert.

Back to Top
CIM LOGO