Dowéinst gëtt recommandéiert méi mat der Kaart ze bezuelen, och wann Experten no d’Warscheinlechkeet, sech u Schäiner a Mënz mam Coronavirus z’infizéieren, geréng ass.
Allgemeng bezuele méi Leit an de Geschäfter mat der Kaart. Eng Tendenz, déi klëmmt, well et méi einfach a méi hygienesch ass.
Besonnesch beléift ass contactless ze bezuelen, dat heescht, datt de Client seng Kaart net an eng Maschinn erandrécke muss. Hei gouf vum Mëttwoch un d’Limitt vum Bezuelen ouni Pin vu 25 op 50 Euro eropgesat. Virun allem d’Grande Surfacen recommandéieren esou ze bezuelen
Fir eben hir Mataarbechter an d’Clienten nach besser ze protegéieren, recommandéieren d’Butteker, datt d’Leit mat der Kaart bezuele sollen. Ma awer hätte vill Leit net déi Méiglechkeet, esou de Konsumenteschutz.
Et ginn dann och Commercen hei am Land, déi zënter kuerzem kee Boergeld unhuelen. Dat heescht, dat se d’Clienten opruffen, just nach mat der Kaart ze bezuelen. Ma an esou Fäll riskéieren d’Commercen Strofe bis zu 250 Euro. D'Leit solle sech un d'Police, respektiv de Finanzministère riichten, esou d'ULC.
