
Zejoert waren alles an allem méi wéi 42.000 Leit bei der Adem ageschriwwen. Dat sinn der e Véierels méi wéi nach 2022. Am schlëmmsten Zenario geet de Statec elo vu 6,5 Prozent Chômage dëst Joer aus.
Bei den Net-Residente gouf et souguer eng Hausse vu ganzer 70%. Dorënner falen nieft Flüchtlingen och eng ganz Partie Expats. Op alle Fall Leit mat ganz diverse Profiller a vill verschiddene Sproochen, déi den Encadrement net ëmmer ganz einfach géife maachen, sou d’Direktioun. Lëtzebuerg huet mat sengen 47% Frontalieren e ganz atypeschen Aarbechtsmaart an ass dowéinst ëmsou méi vun der europäescher Direktiv getraff, déi eng Harmoniséierung vun de Sozialsystemer virgesäit an am Juli gestëmmt dierft ginn. Wann d'Adem 6 Méint laang fir Chômeuren aus eisen Nopeschlänner responsabel gëtt, kéint sech d'Zuel vun hire Clienten domadder theoretesch quasi verduebelen.
Wat d’Aktivitéiten an de verschiddene Secteuren ugeet, sou gëtt et ganz ënnerschiddlech Tendenzen. Am Finanz- an Assuranceberäich, der Santé an dem Commerce (déi allen dräi zesummen 30 Prozent vum ganzen Aarbechtsmaart ausmaachen), geet den Emploi weider an d’Luucht. Am Bau, der Industrie an awer och der Informatik war d’Aktivitéit zejoert réckleefeg.
D’Adem huet zejoer alles an allem 455 Milliounen Euro u Chômageindemnitéiten ausbezuelt. 85 Prozent vun de Chômagedemandë ginn antëscht digital gemaach. D'Directrice Isabelle Schlesser huet sech iwwerdeems explizitt fir déi technesch Problemer bei der Ëmstellung op den digitale Bezuelsystem entschëllegt, wéinst deenen honnerte Leit kee Chômage kruten. 200 Dossieren wieren nach an der Schwief. Nawell géif awer kee Wee laanscht d'Digitaliséierung, féieren fir de groussen Erausfuerderungen gerecht ze ginn. D'Adem misst sech op en Neits ëmstellen.