Héije Chômage an nei AufgabenD'ADEM setzt op Digitaliséierung, fir alles ze meeschteren

Claude Zeimetz
Duerch d'Digitaliséierung solle Ressourcen an Zäit gespuert kënne ginn.
© Julie Thilges

D'Zuele wäerten net besser ginn, jee nodeem wéi laang sech d'Blockad vun der Strooss vun Hormus zitt, sou den Aarbechtsminister Marc Spautz e Mëttwoch de Moien op der Bilanspressekonferenz vun der ADEM. Den neiste Chiffere vum Statec vun en Dënschdeg no musse mer schlëmmstefalls mat 6,5 Prozent a 6,6 Prozent Chômage dëst an d'nächst Joer rechnen. Den immens "atypeschen" Lëtzebuerger Aarbechtsmaart wier immens beaflosst vu baussen, sot d'Directrice vun der ADEM Isabelle Schlesser.

Grousst Kappzerbrieches mécht an deem Kontext d'Ëmsetzung vun der europäescher Direktiv iwwert d'Harmoniséierung vun de Sozialsystemer, duerch déi d'Frontalieren, vereinfacht gesot, wärend 6 Méint hire Chômage direkt hei zu Lëtzebuerg bezuelt kréien, an och da vun der Adem begleet ginn. Wa se op d'mannst 26 Wochen am Grand-Duché geschafft hunn.

D'ADEM wëll sech fir dësen Defi nei opstellen. Mat méi enger individualiséierter Begleedung, jee no Besoin, an hofft drop, datt duerch d'Digitaliséierung Ressourcen an Zäit gespuert kënne ginn. Wéi vill zousätzlech Leit agestallt musse ginn, kéint een elo nach net soen.

Déi informatesch Problemer, déi zanter November wéinst der Digitaliséierung vum Ausbezuele vun de Chômageindemnitéiten entstane sinn, sinn nach net all geléist. 200 Dossiere sinn nach en Attente. D'Hallschent dovunner awer well Dokumenter feelen.

Back to Top
CIM LOGO