
Am Mäerz 2022 hat d'Police den Abullah Khodor als eng vun de meescht gesichte Persounen an Europa gemellt. Him gëtt ënnert anerem Kidnapping, Geiselnam, Geldwäsch, arméiert Iwwerfäll a Bedeelegung un enger krimineller Organisatioun reprochéiert. Schonn zanter 2019 gëtt et en europäeschen an en internationale Mandat d'arrêt géint den Abullah Khodor. Hien hat am Dezember 2017 zesumme mat engem anere Mann zu Gonnereng eng Fra an hir kleng Niess aggresséiert. D'Männer, déi e Messer als Waff dobäi haten, hu Bijouen an eng kleng Zomm Sue geklaut. Donieft hu se den Telefon vum Haus zerstéiert, fir datt keen d'Police direkt konnt ruffen.
Den Abullah Khodor ass ongeféier 1.80 Meter grouss an huet déi Däitsch an déi Libesch Nationalitéit. "EU Most Wanted" geet dovunner aus, datt hie sech ausserhalb vun Europa ophält.

Op der aktueller Lëscht stinn iwwer 40 Persounen, dovunner eben eng, déi am Grand-Duché gesicht gëtt. Zu de Persounen, déi als "High Value Target" klasséiert goufen, also bei deenen d'Sich méi dréngend ass, gehéieren dräi Persounen, déi a Schweden gesicht ginn an eng, déi an Däitschland gesicht gëtt. Den Emin Muqa Kulic an den Dante Peykar gi wéinst versichtem Mord gesicht, den Ali Namdar wéinst Mord a schwéierer Kierperverletzung. Dem Tunahan Cetkin gëtt an Däitschland virgeworf, datt hie Member vun enger krimineller Organisatioun ass an och eng Persoun ëmbruecht huet. Si all ginn zanter Abrëll respektiv Mee dëst Joer gesicht.
De Emin Muqa Kulic an den Dante Peykar sinn op d'Lëscht dobäi komm, nodeems eng weider Persoun, déi vu Schweden gesicht gouf, an Tunesien konnt festgeholl ginn, präziséiert Europol an hirem Schreiwes vum Mëttwoch de Moien.