
"Net vill dobäi erauskomm", ass de battere Constat vun den zwee Presidente vun der Union des Syndicats en Dënschdeg den Owend. Am Konferenzsall vun engem Hotel zu Dummeldeng hunn d’Nora Back (OGBL-Presidentin) a Patrick Dury (LCGB-President) mat enge 500 Member gedeelt, wéi si d’Reunioun kuerz virun erlieft hunn.
"De Constat ass, haut war et net deck", sou d'Nora Back direkt am Ufank. D'Ae vun der Regierung an dem Patronat wiere just op de Sujet vun der Ekonomie geriicht gewiescht: Op d'Kompetitivitéit, d'Produktivitéit, d'Energiepräisser. Iwwert d'Leit wier net geschwat ginn. Dobäi wier scho laang eng Sozialkris do, déi scho kéint als sozialen Noutstand betitelt ginn. D'Nora Back schwätzt vun Aarmut, Working poor a Leit, déi sech keen Daach iwwert dem Kapp méi kéinte leeschten. Et dierf keng Tripartite sinn, wou just en Energiepräisdeckel decidéiert géing ginn a gepléischtert.
Dofir wier ee mat zwee grousse Sujeten an d'Reunioun eragaangen, betount de Partick Dury. D'Ofsécherung vun den Existenze vun de Salariéen, déi am Privatsecteur schaffen an d'Kafkraaft. Ee Volet ass hei d'Augmentatioun vum soziale Mindestloun, iwwert deen et eigentlech ursprénglech beim Rassemblement vun der Union des Syndicats sollt goen, ier d'Preparatiounsreunioun fir Tripartite ugesat gi war. Hei géingen d'Regierung an d'Patronat ëmmer probéieren, d'Gewerkschaften esou duerzestellen, wéi wa si se net méi all hätten 300 Euro méi Mindestloun ze froen. "Wéi wann dat d'Wirtschaft géing futti maachen. Wéi wa mer ni géinge genuch kréien", seet d'Nora Back. Wéi wann een ëmmer just méi wéilt. Dobäi géingen dës 300 Euro um Mindestloun integral an d'Wirtschaft fléissen an net benotzt ginn, fir ze spekuléieren. Den Hals net voll genuch kriten déi Superräich.
D'Gewerkschafte wéilten d'Gespréicher an der Tripartite méiglechst breet fächeren. Och iwwert de Logement an d'Sécurité sociale misst geschwat ginn. "Ech wëll an dësem Land warnen, eng Situatioun erbäi ze féieren, wou de Mënsch sech seng Gesondheetsversuergung net méi ka leeschten", seet de Partick Dury. Mee hie betount, dass d'Relatioun mat der Regierung och no de leschte Reuniounen ëmmer nach um Déifpunkt wier. Vun engem Austausch op Aenhéicht ass keng riets. "Souwuel beim Mindestloun, wéi och bei der Plattformaarbecht stoung d'Decisioun vun der Regierung vun Ufank u fest. Verhandlunge ginn zum Schäin mat eis organiséiert", reegt de Partick Dury sech op.
D'Regierung hätt versicht, d'Gewerkschaften an den Eck ze drécken an ze diskreditéieren. Rezent Sondage géingen awer weisen, dass zwee Drëttel vun de Befroten d'Aktioune vun de Gewerkschaften als wichteg empfannen. "Mir wäerten esoulaang an oft op d'Strooss goen a manifestéieren, wei et néideg ass, bis deen neoliberale Wand, déi ganz neoliberal Iddien vun dëser Regierung fäerdeg sinn. Bis mer e politesche Kurswiessel kréien. Bis déi schaffend Leit an d'Familljen nees eescht geholl ginn", sou d’Nora Back. Wann an den Tripartittsverhandlunge keen Accord géing fonnt ginn, da géing een nees op d'Strooss goen. Et wier een ëmmer verhandlungsbereet, mee géing sech net virféiere loossen, hält de Patrick Dury fest.
Um Schluss vun de Riede e vun den zwee Gewerkschaftspresidente gouf et vill Applaus a Standing Ovations.
D’CGFP hat schonn en Dënschdeg am Nomëtteg reagéiert a fuerdert séier temporär steierlech Entlaaschtunge fir d'Bierger. Dass d'Regierung op déi annoncéiert Steier-Reform géif verweisen, wier ze kuerz gegraff, well déi aktuell Kris bréicht séier a kuerzfristeg Äntwerten..Dozou géif och en direkt Upassen vun der Steiertabell un d'Inflatioun gehéieren, dat wier längst iwwerfälleg, seet d'Staatsbeamtegewerkschaft.