Am Alter vun 101 JoerDen Holocaust-Iwwerliewenden Albrecht Weinberg ass gestuerwen

AFP, iwwersat vun RTL
Den Albrecht Weinberg hat zejoert an Däitschland fir Oprou gesuergt, wéi hien aus Protest géint e gemeinsame Vott vun der CDU/CSU an der AfD am Bundestag säi Bundesverdienstkreuz zeréckginn hat.
Den Albrecht Weinberg op de Feierlechkeete fir säin 100. Gebuertsdag de 7. Mäerz 2025
Den Albrecht Weinberg op de Feierlechkeete fir säin 100. Gebuertsdag de 7. Mäerz 2025
© HAUKE-CHRISTIAN DITTRICH/dpa Picture-Alliance via AFP

Den Albrecht Weinberg ass dout. Den Holocaustiwwerliewende wier en Dënschdeg am Virmëtteg am Alter vun 101 Joer zu Leer an Däitschland "friddlech entschlof", sou seng Matbewunnerin Greta Dänekas géigeniwwer der Noriichtenagence AFP.

De Weinberg hat als Jugendleche wärend der NS-Zäit eng Rei Konzentratiouns- a Vernichtungslager, grad ewéi Doudesmärsch, iwwerlieft. Seng Elteren a vill aner Membere vu senger Famill goufe vun den Nationalsozialisten ëmbruecht.

Nom Enn vum Krich ass de Weinberg, deen an Ostfriesland zu Rhauderfehn bei Leer gebuer gouf, an d'USA op New York ausgewandert. 2012 ass hien zeréck an Däitschland komm an huet zanterdeem zu Leer gewunnt. Hien huet sech an de leschte ronn 14 Joer vu sengem Liewe besonnesch an der Erënnerungsaarbecht mat Jugendlechen engagéiert. Nodeems e Gesetzesprojet fir d'Verschäerfung vun der Migratiounspolitik am Januar zejoert mat de Stëmme vun CDU/CSU a vun der Afd am däitsche Bundestag gestëmmt gouf, huet den Albrecht Weinberg aus Protest virun dëser gemeinsamer Ofstëmmung mat der AfD säi Bundestverdienstkreuz zeréck ginn. Dës Decisioun hat fir Oprou an der däitscher politescher Ëffentlechkeet gesuergt. De Bundespresident Frank-Walter Steinmeier hat nach versicht, de Weinberg bei senger Decisioun ëmzestëmmen.

De Weinberg sot zu senger Decisioun, dass hien Angscht hätt, dass sech d'Geschicht géif widderhuelen. D'Erfarung, déi hien als Jugendleche gemaach hätt, wier ganz geféierlech a schrecklech fir hie gewiescht. A senger Autobiografie "Damit die Erinnerung nicht verblasst wie die Nummer auf meinem Arm" huet hie beschriwwen, wéi ronn 40 vu senge Familljemembere vun den Nationalsozialisten ëmbruecht goufen. Hie selwer gouf mat 18 Joer an engem Véi-Waggon op Auschwitz deportéiert, wou hien Zwangsaarbecht huet misse leeschten. D'Enn vum zweete Weltkrich huet hien am Konzentratiounslager Bergen-Belsen erlieft, an engem Zoustand, deen hien als "méi dout ewéi lieweg" beschriwwen huet.

Back to Top
CIM LOGO