E Kannerspill fir BrigangenBei Test op engem Parking: 3 Autoe waren net zougespaart

Pierre Weimerskirch
D'Zuel vun Abréch an Autoe klëmmt. E Selbsttest zu Rued-Sir op engem Parking weist, wéi einfach et déi Onéierlech heiansdo gemaach kréien.

D'Zuel vun Abréch an Autoen ass zu Lëtzebuerg an de leschte Jore staark geklommen. Wéi aus enger aktueller Statistik vun der Police ervirgeet, goufen 2025 ronn 3.900 Abréch a Gefierer gemellt, eng Hausse vu ronn 3,3 Prozent par rapport zum Joer virdrun.

Mee wéi einfach ass et iwwerhaapt, an en Auto ze kommen?

Fir dat erauszefannen, hu mir e Selbsttest gemaach um Parking vum Cactus zu Rued-Sir. Dobäi hu mir geziilt un Autosdiere geklenscht, fir ze kucken, ob d'Gefierer zou sinn.

"Mat där heiten Aktioun wëlle mir d'Leit drop sensibiliséieren, well de Phenomeen vun de Klenscherten ass an deene leschten zwee Joer zimmlech geklommen a mir wëllen d'Leit sensibiliséieren, fir Autoen ëmmer systematesch op all Parking zouzemaachen."
Patrick Linster, vum Service Preventioun vun der Police

D'Aktioun gouf am Viraus mam Cactus ofgeschwat. Och d'Police war beim Tournage dobäi. D'Resultat: Et gëtt nach ëmmer Gefierer, déi net ofgespaart sinn, oder wou Fënsteren net komplett zou sinn.

Alles Fäll vu "Vol simple"

Fir de Patrick Linster, dee bei der Police Preventioun mécht, ass dat e bekannte Problem. A ville Fäll musse Brigange sech net emol grouss Méi maachen. "U sech si mer all Kéiers beim Vol simple, well am Prinzip näischt futti gemaach gëtt."

Dat bedeit konkret. Wann en Auto net zougespaart ass, kann en einfach opgemaach ginn. Wann eng Fënster net ganz zou ass, ka se erofgedréckt ginn. Oder et gëtt direkt duerch eng oppe Fënster geklaut

D'Police weist drop hin, datt et sech dacks ëm Geleeënheetsdoten handelt. En net ofgespaarten Auto oder eng oppe Fënster géifen et Onéierlechen extrem einfach maachen.

"Mam Vertrauen, ech gesi mäin Auto direkt, vläicht spären ech en dann net zou, mee och do gi mer de Message, och ëmmer doheem systematesch den Auto zouspären, wou et nach ganz oft geschitt, dat ass op den Tankstellen, ech tanken, ech gi séier era bezuelen, ech si jo dach erëm séier bei mengem Auto, mee dat geet dann och heiansdo schif."
Patrick Linster, Police Lëtzebuerg

Dofir bleift de wichtegste Rot deen nämmlechten: Den Auto ëmmer zouspären, och wann een nëmme kuerz fort ass, a keng Wäertsaachen am Gefier loossen.

Back to Top
CIM LOGO