Duerch Feeler nees um MarchéALVA mécht neie Réckruff fir Puddermëllech "Nutrilon PROfutura 1"

RTL Lëtzebuerg
Et ass déi selwecht Puddermëllech fir Puppelcher, déi schonn am Februar zréckgeruff gi war. Dës wier duerch e Feeler nees op de Marché komm.
Réckruff vum 13. Mee 2026
Dëse Produit gëtt zréckgeruff
© RTL Grafik

Nodeems et Ufank des Jores eng weltwäit Réckruffaktioun vu Puddermëllech gouf, ass duerch e Feeler an der Distributiounsketten de Produit "Nutrilon PROfutura 1" nees op de Marché komm. Dat mellt d'Liewensmëttelsécherheet a gëtt an deem Kontext op en Neits e Réckruff eraus.

Zeréckgeruff gëtt deeno d'Puddermëllech fir Puppelcher PROfutura 1 vun der Mark Nutrilon, well hei méiglecherweis Cereulid kéint am Produit ze fanne sinn, dat duerch de Mikroorganismus Bacillus cereus produzéiert gëtt. Dëse Produit gouf a méi Geschäfter am Land verkaf.

Hei d'Detailer zum Produit:

  • Name: Nutrilon PROfutura, 1 (Säuglingsanfangsnahrung)
  • Marke: Nutricia
  • Einheit: 800 g
  • Barcode: 8718117612352
  • Mindesthaltbarkeitsdatum (MHD): 04/06/2027
  • Losnummer: 2027.06.04

All weider Detailer stinn op LU-Alert.lu.

Back to Top
CIM LOGO