
D'USA missten den iranesche Friddensplang akzeptéieren oder dem Echec an d'A kucken. Dat sot den iranesche Chef-Negociateur Mohammad Bagher Ghalibaf en Dënschdeg nodeems den US-President Donald Trump gewarnt huet, dass de Waffestëllstand am Noen Osten kuerz virdru stéing ze kollabéieren.
Bei de Gespréicher doriwwer, wéi een de Krich op en Enn kéint bréngen, hu béid Säiten - déi us-israeelesch an déi iranesch - sech bis ewell geweigert, der Géigesäit Zougeständnesser ze maachen. Allerdéngs schéngt aktuell och keng Säit gewollt, de Krich am vollen Ausmooss weiderzeféieren.
"Et gëtt keng Alternativ, ausser d'Recht vum iranesche Vollek ze akzeptéieren, wéi et am 14-Punkte-Programm duergeluecht ass. All aner Approche wäert zu kengem Resultat féieren, zu näischt anerem ewéi engem Echec no dem nächsten", sou de Mohammad Bagher Ghalibaf op X. Jee méi laang d'USA sech deem géife verweigeren, desto méi missten d'amerikanesch Steierzueler bezuelen.
De Pentagon huet d'Gesamtkäschte vum Krich en Dënschdeg op bis ewell 29 Milliarden Dollar chiffréiert.
Den iranesche Friddensplang ass eng Reaktioun op eng rezent amerikanesch Propos, iwwert där hiren Inhalt awer kaum eppes Konkretes gewosst ass. Vum iraneschen Ausseministère huet et en Dënschdeg geheescht, dass een en Enn vum Krich op alle Fronten, inklusiv dem Libanon, en Enn vun der US-Blockad vun den iraneschen Häfen an d'Deblockéiere vun iranesche Verméigen am Ausland fuerdert.
Den US-President Donald Trump huet dës Fuerderungen als "vëlleg inakzeptabel" bezeechent. D'USA géifen "eng komplett Victoire" iwwert den Iran feieren an de Waffestëllstand an der Regioun wier kuerz virum Aus.