
Hëlt d'Gewalt géint Policebeamten zou? Där Fro ass d'Inspection générale de la Police an enger Etüd am Optrag vum Policeminister Léon Gloden nogaangen. D'Resultater goufen e Mëttwoch de Mëtteg an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert an d'Äntwert fält gedeelt aus.
Et gëtt nämlech eng Diskrepanz tëscht den Zuelen an der Perceptioun vun de Beamten. Reng statistesch gesinn ass d'Unzuel vun Outragen, Rebelliounen a Refusen, fir ze kooperéieren, am Fong net méi héich geklomme wéi d'Zuel vun den Awunner an deem selwechten Zäitraum. Ma vun de knapp 400 Policebeamten, deenen hir Äntwerten zeréckbehale goufen, ass awer eng grouss Majoritéit der Meenung, datt an deene leschte 5 Joer d'Verhältnis tëscht der Police an de Bierger generell méi schlecht ginn ass an och, datt d'Gewalt géint Beamten an d'Luucht gaangen ass. De Pascal Jann vun der IGP mat enger méiglecher Erklärung fir déi Diskrepanz:
"Et gëtt nämlech eng Déngschtvirschrëft vun der Police, déi beseet, datt, wann ee Polizist selwer Affer vun enger Strofdot gëtt, datt eng aner Déngschtstell muss geruff ginn, fir de Protokoll opzehuelen. Dat wéinst dem Prinzip vun der Onbefaangenheet. Dat heescht, do schéngen d'Polizisten och heiansdo ze zécken, d'Kolleege vun engem anere Kommissariat extra kommen ze loossen, fir dat opzehuelen."
Vill Beamte wieren och der Meenung, datt d'Täter souwisou net viru Geriicht kommen a bestrooft ginn. D'IGP huet dann och de juristesche Suivi kontrolléiert an do ass erauskomm, datt et a méi wéi der Hallschent vun de Fäll guer kee gëtt. Wann et ee gëtt, kéim et normalerweis awer och zu enger Strof.
Wat de Profil vun den Täter ugeet, fält op, datt et an éischter Linn Männer sinn an d'Unzuel vun Net-Residenten, jee no Infraktioun, tëscht 30 a 50 Prozent läit. Detailer iwwert d'Nationalitéit vun den Täter huet d'IGP iwwerdeems net. Hei gouf et ee klengt Scharmützel, wou den Inneminister Léon Gloden dem ADR-Deputéierten Tom Weidig ee rietsradikalen Discours virgeworf huet. Den Tom Weidig huet dem Minister doropshi reprochéiert, lénksradikal Positiounen ze iwwerhuelen.
D'IGP proposéiert ënnert anerem, datt d'Strofe fir Gewalt géint Polizisten deels an d'Luucht gesat ginn an d'Beamte besser doriwwer informéiert ginn, datt se eng juristesch Ënnerstëtzung zegutt hunn.