Still an Dëscher an d'Musel geheitZu Réimech gouf e Passagéierschëff vandaliséiert

Cédric Ferry
Biller vun enger Iwwerwaachungskamera weisen, ewéi eng véier bis fënnef Persoune sech um Schëff ze schafe maachen.

An der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg gouf zu Réimech op der Musel e Passagéierschëff vandaliséiert. Eng véier bis fënnef Persoune si géint 2:30 Auer moies op e Schëff vun der Agence "Navi-Tour" geklommen. Dat huet d'Bedreiwerin vun der Agence Demi Krutwagen RTL op Nofro hi confirméiert.

Op Biller vun der Iwwerwaachungskameraen ass ze gesinn, wéi d'Täter Still an Dëscher rausrappen an dës iwwer Bord an d'Waasser geheien. Ronn zéng Minutte wiere si u Bord gewiescht an hätten d'Schëff vandaliséiert.

Wéi grouss de finanzielle Schued wier, kéint een aktuell nach net soen. Dat beschiedegt Schëff kéint nach agesat ginn, allerdéngs kéint et elo manner Gäscht transportéieren, ewéi eigentlech virgesinn. Alles an allem wier dat elo um Ufank vun der Touristesaison net ideal.

Vun der Police heescht et, dass een den Tëschefall gemellt krut. Déi Geschiedegt hätten e Rendez-vous kritt, fir eng Plainte ze deposéieren.

Fir d'éischt hat d'Luxemburger Wort iwwer den Tëschefall bericht.

Back to Top
CIM LOGO