Zu Iechternach an zu MunnerefE Vëlosfuerer an e Foussgänger goufen ugestouss

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwochnomëtteg goufen zou Persoune bei Accidenter op eise Stroosse blesséiert.
Ambulanzen an engem Asazzenter vum CGDIS
© Jeannot Ries

Géint 13:45 Auer krut en Auto zu Iechternach an der Route de Luxembourg e Cyclist ze paken. D'Pompjeeë an d'Ambulanciere vun Iechternach waren hei op der Plaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.

Um 14:35 Auer gouf dann an der Avenue Frantz Clement zu Munneref eng Persoun ugestouss. D'Pompjeeë vu Munneref an d'Ambulanz vu Réimech waren hei am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO