RTL seet MERCIUn all déi Helden, déi ...

RTL Lëtzebuerg
D'RTL-Ekipp huet perséinlech Messagë fir all déi Helden, déi Dag fir Dag fir eis all do sinn.
Video: RTL seet Merci
All deenen Helden, déi all Dag fir eis do sinn

Christiane Kremer

De Kënschtler fir hir Kreativitéit/Fantasie mat deene se Ënnerstëtzung fir dat mënschlecht Zesummesinn op Distanz bidden.

Loïc Juchem

Dem Léierpersonal

Roy Grotz

Der ganzer Ekipp, déi um Radio d'Stellung hält fir weider ze informéieren, an den Nolauschterer.

Laurent Gillander

De Laurent Gillander seet Merci

Patrick Greis

Ee Merci un déi, déi um Feld stinn, an dofir suergen, datt mir eppes z'iesse kréien, déi eis op aner Gedanke bréngen...

Joel Detaille

Ee Merci u jiddwereen!

Bob Konsbruck

De Bréifdréier, eleng well et gutt deet, engem d'Dier opzemaachen.

Fabienne Zwally

All deenen, déi sech elo géigesäiteg ënnerstëtzen, fir sech net ze vill eleng Doheem ze fillen.

Bea Kneip

De Camionschauffeueren, Piloten a Buedempersonal vun der Cargolux, Leit déi am Cargocenter schaffen an déi dofir suergen , dass wichtegt Material ukënnt.

Claudia Kollwelter

All deene Benevollen, déi sech trotz Kris, weider fir Leit op der Strooss oder fir Flüchtlingen asetzen a sech ëm si këmmeren!

Coryse Ludowicy

Den Noperen, déi sech géigesäiteg hëllefen.

Dan Spogen

Der Police, déi eng ondankbar Aarbecht den Ament hunn.

Deborah Ceccacci

Dem Gesondheetspersonal, dat un der Front vun der Kris steet, a sech selwer a Gefor bréngt fir d'COVID-19 Patienten ze heelen!

Gérard Floener

All den techneschen Equippen, déi am Hannergrond dofir suergen, datt mir eis Aarbecht weider kënne maachen.

Gibbes Bertolo

Un all d'Dammen an och d'Hären an de Keese vun eise groussen a klenge Supermarchéen.

Jeff Spielmann

All deenen, déi am Hannergrond an den Institutiounen fläisseg d'Kriisenhëllef organiséieren a koordinéieren.

Marie Gales

Jidderengem, deen doheem bleift a sech vun aneren ewech hält

Michèle Schons

All deenen. déi dës Kris als Chance an neien Ufank notzen, nees Wäerter wéi Empathie a Matgefill vermëttelen.

Michelle Reiter

Jidderengem dee sech un d'Consignen hält a freet wéi et Frënn a Famill geet an deen dat Bescht aus der Situatioun mécht.

Monica Camposeo

De Buschaufferen, déi och mat eidele Busser fueren, domadder awer garantéieren, dass och Persounen déi keen Auto hunn awer op d'Aarbecht kommen.

Raoul Roos

Deene Leit déi eisen Offall siche kommen.

Rich Simon

De Rich Simon seet Merci

Tom Nols

Den Nolauschterer e grousse Merci

Violetta Caldarelli

Jidderengem deen d'Saach eescht hëlt an domat anerer schützt an d'Spideeler entlaascht.

Annick Goerens

D'Annick Goerens seet Merci

Back to Top
CIM LOGO