Fuerschung zu LëtzebuergSech mat KI-gesteierten Drone géint Dronen-Attacke schützen

Jeannot Ries
E Projet op der Uni Lëtzebuerg. An Zäiten, wou d'Zuel un Dronen, déi kritesch Infrastrukture bedreeën, zouhëlt.
Sech mat KI-gesteierten Drone géint Dronen-Attacke schützen
E Projet op der Uni Lëtzebuerg. An Zäiten, wou d'Zuel un Dronen, déi kritesch Infrastrukture bedreeën, zouhëlt.

De Grégoire Danoy an de Sune Nielsen schaffen an engem gesécherte Raum, ënnert dem Buedem. Dat schéngt op en éischten Ament paradox, wann ee bedenkt, datt si Dronen testen, déi och nach am Schwaarm fléien.

Ëm wat geet?

Studéiert gëtt, wei een dank kënschtlecher Intelligenz gesteierte Schwaarm un Droen agesat ka ginn, fir an dësem Fall, e prezise Loftraum ze schützen. Éischt konkreet Resultater ginn op 2017 zeréck. Also laang iert Dronen, déi de Loftverkéier stéieren, fir Schlagzeile gesuergt hunn.

D'Ekipp vun der Uni Lëtzebuerg schafft mat Nano-Drone vu 27 Gramm. Dat selwecht kéint och am Fräien, mat 4 Kilo schwéieren Drone geschéien. Ma an Europa feelt dofir nach de legislative Kader, well hei KI agesat gëtt.

De franséisch-däneschen Duo studéiert déi defensiv Approche. Aner Chercheure schaffe schonn un neien Zenarioen, wou och Kamikaze-Dronen agesat ginn.

Sou oder esou. D'kënschtlech Intelligenz erlaabt et zwar, mënschlech Fäegkeeten ze toppen. D'Fuerscher leeën awer e grousse Wäert drop, dat si, also Mënschen, de Kader setzen.

Back to Top
CIM LOGO