
D'Gesondheetskeess gëtt méi Suen aus wéi se erakritt, dëst Joer gëtt mat engem Defizit vun 126 Milliounen Euro gerechent. Dee Constat ass net nei a well déi Entwécklung sech schonn iwwert eng länger Period zitt, dierft d'Reserv schonn d'nächst Joer ënnert de legale Seuil minimal vun 10 Prozent falen. Fir dat ze verhënneren, wëll een d'Depensen an de Grëff kréien. Ee Punkt, wou ugesat soll ginn, ass de Krankestand.
Et sief awer ënnerstrach, datt d'Krankschreiwunge laang net dee gréisste Punkt bei den Depense vun der Gesondheetskeess ausmaachen. Déi Depensë belafe sech am Ganzen op méi wéi 5 Milliarden Euro an dovu fléissen eng 1,5 Milliarden Euro an d'Spideeler. Ma d'Depense fir d'Spideeler klamme mat 6,5 Prozent awer quasi parallel zu de generellen Depensë mat 6,4 Prozent. D'Krankeschäiner leien zwar mat 365 Milliounen Euro réischt op der 5. Plaz bei den Depensen, allerdéngs mat enger Hausse vun 10,8 Prozent. An der parlamentarescher Santéskommissioun huet den DP-Deputéierte Gérard Schockmel um Mëttwoch dowéinst ugereegt, déi Dokteren, déi besonnesch vill Krankeschäiner ausstellen, méi ze sensibiliséieren.
"Eppes wat guer näischt kascht, wat zum Beispill an England scho laang praktizéiert gëtt, ass, datt all Dokter all Joer ee klenge Bréif kritt, wou dra steet, dat heiten ass d'Moyenne vun deem, wat ee Generaliste normalerweis vu Krankschreiwungen am Joer huet. Dir sidd wäit do driwwer, wiert Der vläicht sou léif, een Effort ze maachen, fir Iech der Moyenne rëm unzenäheren." Dat géing dacks dozou féieren, datt d'Zuel vun de Krankeschäiner an enger éischter Etapp esouguer erofgeet, fir sech no enger Zäit rëm ze stabiliséieren.
D'Gesondheetsministesch Martine Deprez huet ënnerstrach, datt déi 365 Milliounen Euro just déi Sue sinn, déi d'Gesondheetskeess iwwerhëlt an déi spréngt réischt an, wann eng Persoun méi wéi 77 Deeg krankgemellt ass. Virdru bezilt de Patron an d'Fraise ginn iwwert d'Mutualitéit en charge geholl. Dem President vun der CNS José Balanzategui no gouf et iwwerdeems scho konkret Sensibiliséierungscampagnen.
"Wou mer, notamment wat d'Verschreiwunge wat d'Analyses de biologie ubelaangt, wat d'Thyroïde ubelaangt, de Corps médical ugeschriwwen hunn, fir nach eng Kéier d'Bonnes pratiques ze rappeléieren. An deem Kontext huet iwwregens all Medezinner och seng Verschreiwweis statistesch gewise krut, wou hien am Verglach mam Duerchschnëtt drun ass."
Et hätt een dono och direkt gesinn, datt d'Verschreiwunge bei der Thyroïde, also der Schilddrüs, däitlech zeréckgaange wieren. De Marc Baum vun deene Lénke wollt sengersäits wëssen, ob bei deene Leit, déi laang krankgeschriwwe sinn, verschidde Pathologien zougeholl hunn. Dozou d'Martine Deprez:
"Déi, déi am meeschten optauchen, déi gréisste Proportioun vu Pathologië si mental Krankheeten an articulaire Krankheeten, dat heescht alles wat mam Beweegungsapparat ze dinn huet. Wat drop hiweist, datt eis Bevëlkerung e bëssi méi al gëtt an datt ee gewëssene mentalen Environnement do ass, dee mécht, datt d'Leit dann éischter de Code Depressioun op hirem Krankeschäin stoen hunn."
Zu de Krankeschäiner wéinst Problemer mam Beweegungsapparat kéint dann och passen, datt d'Kinesitherapie mat enger Hausse vun 10,6 Prozent bei den Depense knapp hannert de Krankeschäiner op der zweeter Plaz läit. Do ass een der Gesondheetsministesch no am Moment och amgaangen, fir mat den Dokteren ze kucken, a wéi enge Fäll wéi vill Seance beim Kiné wierklech noutwenneg sinn.
D'Martine Deprez huet dann awer gläichzäiteg ënnerstrach, datt och an Zukunft jidderee weiderhin déi medezinesch Versuergung kréie soll, déi e braucht an dat zu engem bezuelbare Präis.