Déidleche Virfall um Fluchhafen zu DenverOpname vun Iwwerwaachungskamerae weise Persoun op der Pist

RTL Lëtzebuerg
Nodeems e Freideg eng Persoun um Fluchhafen zu Denver vun engem Fliger déidlech erfaasst gouf, weist e Video, wéi d'Doudesaffer der Maschinn op der Pist entgéintkënnt.
Déidlechem Virfall um Fluchhafen zu Denver
Opname vun Iwwerwaachungskamerae weisen, wéi Foussgänger Fliger entgéint koum.

Um Fluchhafen zu Denver an den USA ass e Freideg eng Persoun bei engem Virfall mat engem Fliger op der Pist ëm d'Liewe komm. Opname vun Iwwerwaachungskamerae weisen, wéi d'Persoun dem Airbus A321, dee grad a Richtung Los Angeles ofhiewe wollt, entgéintkoum. Vu Mataarbechter vum Fluchhafen heescht et, d'Persoun wier - op d'mannst zum Deel - an d'Turbinn vun der Maschinn era gesuckelt ginn. D'Turbinn huet doropshin och ugefaangen ze brennen.

Déi 224 Passagéier a siwe Crew-Membere goufen iwwer Noutrutschen a Sécherheet bruecht. 12 Leit ware liicht blesséiert ginn a fënnef koumen an d'Spidol.

Méi spéit gouf matgedeelt, datt d'Persoun de Virfall net iwwerlieft hätt. D'Doudesaffer wier den Autoritéiten no just e puer Minutte virum Virfall iwwer en Zonk geklommen.

Back to Top
CIM LOGO