Verdeedegungsministesch präziséiertGovSat koum net bei amerikaneschen Attacken am Iran an den Asaz

Roy Grotz
Zwar hätten d'Amerikaner Rechter kaf, de GovSat1 ze notzen, dëse wier awer net am Noen Osten am Asaz.

Et ass wouer, datt Capacitéite vum Lëtzebuerger GovSat-1 vun der amerikanescher Arméi benotzt ginn, et stëmmt awer net, datt dat bei den Asätz fir de Krich am Iran de Fall war D'Capacitéite vun de Satellitte wieren un d'europäesch Unitéit vum US-Militär (EUCOM) verlount, mä operationell net fir d'Operatioun "Epic Fury" am Asaz gewiescht, well dës Regioun net vum GovSat couvréiert gëtt.

Dat preziséiert d'Verdeedegungsministesch op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Marc Baum vun Déi Lénk a seet och, dat et onméiglech wier "real time" d'Operatioune vum Satellit ze kontrolléieren oder ze iwwerwaachen.

Am Summer zejoert war iwwerdeem de NAOS-Iwwerwaachungssatelitt vu Kalifornien aus mat Succès mat enger SpaceX-Navette lancéiert ginn, fir u sech dëst Joer kënnen a Betrib geholl ze ginn.

D'Yuriko Backes notéiert iwwerdeem, datt de LUXEOSys-Programm awer liicht Retard huet an nach net operationell ass, wëll ënnert anerem d'Äertobservatiounskamera nach misst kalibréiert ginn. Dëst wier awer e normalen Virgang.

Am Hierscht soll de kompletten Satellitten-Observatiounssystème dann awer ënnert anerem am Kader vu NATO-Missiounen, mee och bei Naturkatastrophe kënnen genotzt ginn.

Mat 170 Milliounen Euro ugesat, hat de NAOS-Programm de Lëtzebuerger Staat um Enn dat duebelt kascht. De GovSat2 ass iwwerdeem nach an der Konzeptiounsphase a soll eng 500 Milliounen kaschten.

Back to Top
CIM LOGO