Hanta-Vire sinn net nei, mee scho gutt erfuerscht. Et gëtt iwwer 50 Hanta-Viren, ronn d'Hallschent dovunner kënnen de Mënsch infizéieren.
“Si infizéieren de Mënsch nëmmen, wann en direkte Kontakt huet mat Stëbs […] oder Sekreeter vun deenen entspriechenden Déieren.“De Prof. Dr. Claude P. Muller, Virolog beim LIH
Eng Ausnam gëtt et awer: "Ënnert all deene 50 a méi Hantaviren, déi mer kennen, gëtt et nëmmen een, dee vu Mënsch zu Mënsch kann iwwerdroe ginn." Dat ass den Andes-Virus, genee deen, iwwer deen aktuell geschwat gëtt.
Och wann de Virus iwwerdrobar ass, relativéiert de Virolog d'Gefor. "D'Infektiositéit vun deem Virus selwer […] ass niddreg."
Wann een infizéiert gëtt, ass d'Mortalitéit allerdéngs grouss. Dat géif een och beim aktuellen Ausbroch gesinn. Déi isoléiert Fäll sinn awer ënner Kontroll. Déi infizéiert Patienten isoléiert.
D'Patienten, déi aktuell a Klinicken an Europa behandelt ginn, stelle keng Gefor duer, esou de Virolog vum Luxembourg Institute of Health.
"Déi sinn natierlech ganz isoléiert […] an do muss een net fäerten, dass do eng Gefor dovun ausgeet."
Aktuell wéisst een nach net genee, wéini e Patient infektiéis ass, ob dat éischter am Ufank vun enger Infektioun ass oder da wann e scho Symptomer entwéckelt huet.
Eng Pandemie géif elo duerch dësen Ausbroch net virun der Dier stoen, do ass sech de Prof. Dr. Claude P. Muller sécher.
"Dofir ass d’Infektiositéit vun deem Virus vill ze vill niddreg […] dat ass absolut net vergläichbar mat deem, wéi mer et beim Coronavirus beobacht hunn."
Och wat d'Verbreedung ugeet, bleift hien entspaant. De Virus hätt net vill Méiglechkeet, sech ze veränneren, well et nëmme wéineg Iwwerdrounge gëtt.
Fir d'Allgemengheet gëtt et dofir keng konkret Recommandatiounen.
"Nee, absolut net", seet de Virolog op d'Fro, ob een elo speziell Precautioune misst huelen. Och d'Weltgesondheetsorganisatioun WHO huet keng Reesrestriktioune recommandéiert.