Fokus vun dëser Kontroll zu Jonglënster waren d'Dokumenter vun den Autoen. Bei aacht Autoe gouf festgestallt, datt hir technesch Kontroll net méi aktuell war an zéng Automobilisten hate keng Steiervignette dobäi. Si kruten dofir eng Verwarnung. Zwou weider Persounen hu missten eng Strof bezuelen, well si net all hir Dokumenter bei sech haten.
Een Automobilist hat da kee gültege Permis an bei engem weidere Won hunn d'Beamte Problemer bei de Pneue festgestallt.