
7.704 Vols simple goufen et zejoert an der Stad Lëtzebuerg, an ëmmerhin 434 Vols avec violence. Déi Chifferen huet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Mëttwoch de Moien um City Breakfast genannt an zesumme mat der Police eng nei Campagne géint sougenannte "Pickpockets" annoncéiert.
Et wier e Problem, deen alldeeglech wier an deen an de leschte Joren och konstant an d'Luucht gaangen ass, dee vun den Déifställ. National goufen et zejoert 20.000 Vollen, fir d'Stad Lëtzebuerg waren et der iwwer 7.000.
D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer: "Do sinn natierlech all Vollen dran, mee wat wierklech ganz vill zougeholl huet, dat sinn eeben och d'Vollen an den Trammen, an de Stroossen, d'Pickpockets."
Et wier leider keen neit Phenomeen, seet den Yves Mousel vun der Police. An et wier um Niveau vun der Preventioun och scho vill gemaach ginn.
"Engersäits d'Leit eeben opgekläert, sief et a Form vu Stänn oder eiser Preventiounscamionnetten, déi u sech de Kontakt mat de Leit sicht, fir esou opmierksam ze maachen op déi verschidde Geforen. Flyere gi verdeelt respektiv si mer schonn an enkem Austausch mat LuxTram, wou schonn Affichagë banne geschalt goufen, esou wéi och Messagen duerchginn."
An Zukunft sollen d'Leit mat Autocollanten um Buedem bei de Sortië respektiv Agäng vum Tram op d'Phenomeen vun de "Pickpockets" opmierksam gemaach ginn.
De Steve Goedert vun der Police: "Well mer och soen, dat ass de Moment oder déi Plaz, wou déi meeschten Déifställ passéieren, wann een eraklëmmt, erausklëmmt, well do eebe Kierperkontakt ass. Ech mengen, et ass e Phenomeen, datt et och am Ausland gëtt. A vue datt Vol simple eng Kategorie ass, déi gemäss eise Statistiken an d'Luucht gaangen ass, hu mer gesot, da reagéiere mer am Beräich vun der Preventioun an dofir ass deen heite Projet erauskomm."
No der Péngschtvakanz soll d'Campagne lancéiert ginn an d'Autocollanten op de Buedem gepecht ginn.