Koume fir Kontroll an d'SpidolPoliceauto huet sech bei Accident um Belair iwwerschloen

RTL Lëtzebuerg
Am Stater Quartier Belair koum et en Dënschdeg den Owend zu engem Accident, an deen och e Policewon verwéckelt war.
© Maxime Gonzales/ RTL Archiv

Wéi et am Policebulletin heescht, wiere géint 19.30 Auer en Dënschdeg en Auto an e Policeauto aneneegerannt. Éischten Informatiounen no waren d'Beamten um Wee op en Asaz, wéi et um Belair op der Kräizung vun der Avenue vu X Septembre an dem Boulevard Pierre Dupong zu enger Kollisioun mat engem aneren Auto koum. Duerch den Impakt huet de Policeauto sech iwwerschloen an ass op der Säit leie bliwwen. Béid Beamten esou wéi d'Automobilistin aus dem aneren Auto koume fir eng Kontroll an d'Spidol.

Bei enger Kontroll an der Stroossbuerger Strooss am Stater Garer Quartier ass de Beamten e Mann an d'Gräpp gelaf, dee per Mandat d'arrêt gesicht gouf. Éier hien awer op Suessem an den CPU bruecht gouf, hat hien nach eng Visitt bei engem Dokter.

Zu Déifferdeng gouf dann eng Persoun verhaft, déi sech en Dënschdeg an engem Buttek an de Beräich fir d'Mataarbechter geschlach hat an hie Posche geklaut huet. Eng direkt Sich no der Persoun hat näischt erginn, mä duerch d'Enquête vun de Beamte konnt de Mann awer lokaliséiert ginn. Bei dësem gouf och nach déi geklaute Wuer fonnt an d'Besëtzerinne vun de Posche kruten dës zeréck. De Mann koum op Uerder vum Parquet virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO