Hafen zu Mäertert nees opUeleghalteg Substanz aus der Musel komplett opgesaugt

RTL Lëtzebuerg
Nodeems d'Verknaschtung vun der Musel, déi e Sonndeg festgestallt gi war, ganz opgesaugt gouf, konnt den Hafen zu Mäertert en Dënschdeg de Mëtteg nees opgoen.

Den Hafen zu Mäertert ass zanter en Dënschdeg de Mëtteg erëm op. E Sonndeg kuerz virun 19 Auer gouf jo eng gréisser Verknaschtung vun der Musel op der Héicht Mäertert gemellt, wouropshin eng Ueleg-Spär an der Entrée vum Hafen installéiert gouf, fir ze verhënneren, datt d’Verknaschtung sech ausbreet. Doduerch war den Hafe gespaart.

En Dënschdeg de Moie gouf d’Situatioun dunn op en Neits analyséiert a well nach ëmmer e Flom um Waasser war gouf op en Neits mat Fliisdicher déi ueleghalteg Substanz opgesaugt. Dono konnt den Hafen dunn erëm opgoen an ee vun den zwee Schëffer, déi do blockéiert waren, ass och schonn eraus gefuer a weider Schëffer ginn en Dënschdeg zu Mäertert erwaart, heescht et vun der Direktioun vum Hafen op Nofro.

D’Ursaach vum Virfall ass nach ëmmer net gewosst. D’Analys gëtt vum Waasserwirtschaftsamt gemaach.


Liest dozou och eisen Artikel vun e Méindeg mat méi Informatiounen zu den Analysen an engem Temoignage:

Back to Top
CIM LOGO