Kuerz virun 19 Auer e Sonndeg gouf der Waasserschutzpolice vun Tréier eng gréisser Verknaschtung vun der Musel op der Héicht Mäertert gemellt. Deemno soll eng “ueleghalteg” Substanz, warscheinlech Diesel, aus dem Baseng vum Hafen an d’Waasser gelaf sinn. De fräiwëllege Pompjeeë vu Konz no huet sech d’Veronrengegung bis op Oberbillig ausgebreet.
Wéi de Buergermeeschter vu Mäertert, de Jérôme Laurent eis op Nofro hin erkläert huet, wier e Sonndeg Ueleg op der Musel festgestallt ginn, wouropshin de CGDIS informéiert gouf, deen direkt intervenéiert huet an eng Ueleg-Spär an der Entrée vum Hafen installéiert huet, fir ze verhënneren, datt d’Verknaschtung sech ausbreet. Doduerch ass den Hafen aktuell gespaart. Den Ament géingen zwee Schëffer dowéinst am Hafe festsëtzen, ma et géing awer näischt méi an d’Musel lafen. Dat huet eis och d’Direktioun vum Hafen op Nofro hi confirméiert.
All d’Prozedure wieren agehale ginn an och gutt ofgelaf an all d’betraffen Acteuren och direkt alertéiert ginn. D’Ursaach vum Virfall ass nach net gekläert. Dem Buergermeeschter no géif et momentan ausgesinn, wéi wann et aus dem Hafe selwer kéim, d’Direktioun vum Port Mäertert seet dogéint, et kéim net vun der Hafeninfrastruktur, well den Opfänkbaseng propper wier.
Wou genee den Diesel ausgetrueden ass a wat d’Ursaach ass, muss nach ermëttelt ginn. Och wéi vill Pëtrol an d’Musel gelaf ass, ass nach net genee gewosst. Fir d’Analys ass d’Waasserwirtschaftsamt zoustänneg. Si hunn eis op Nofro hi confirméiert, datt een amgaange wier, ze kucken, wéi et zu der Fuite konnt kommen.