Zu Lëtzebuerg misst ee sech keng Gedanke maache wéinst dem Irankrich, dass hei eppes kéint geschéien. Ons Arméi misst awer, wéinst dem Solidaritéitsprinzip, verstäerkt operationell sinn. Dat sot de Generol Steve Thull am RTL-Interview e Mëttwoch de Moien. Hien ass de Chef d’État-Major vun der Lëtzebuerger Arméi, déi am gaange wier sech besser opzestellen.
Fir den neien NATO-Ufuerderungen gerecht ze ginn. Dat bräicht awer Zäit, schonn eleng wéinst de Liwwerzäiten vum Material. Och d’Personal misst nach weider opgestockt ginn. Déi rezent Beméiungen a politesch Decisioune géingen an déi richteg Richtung goen, géifen awer net duergoen.
Ee grousse Probleem an der Arméi wier de Spagat tëscht Beruff a Privatliewen. Zum Beispill wier ee bei Manöver deeglaang fort. Dës Flexibilitéit wier awer enorm wichteg, fir datt een en asazbereet Militär huet. An dat misst och deementspriechend valoriséiert ginn, esou nach de Generol Thull.
E Mëttwoch de Moie war ënner anerem den Irankrich Theema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.