Iwwerhëlt Successioun vum Steve ThullClaude Robinet gëtt neie Chef d'état-major vun der Arméi

RTL Lëtzebuerg
De Claude Robinet soll den Nofollger vum Steve Thull als Chef vun der Lëtzebuerger Arméi ginn. De Regierungsrot huet dem Grand-Duc op Virschlag vun der Defenseministesch Yuriko Backes eng entspriechend Propos gemaach.

De Generol Steve Thull geet jo den 1. Oktober offiziell an d’Pensioun. Wéi de Verdeedegungsministère matdeelt, wier de Claude Robinet no engem Selektiounsprozess ausgewielt ginn, deen am Oktober 2025 ugaangen ass. Zu sengen Aufgabe géing gehéieren, d’Lëtzebuerger Arméi op d’Zukunft ze preparéieren, mat Hibléck op d’Entwécklung vun der geopolitescher Situatioun, neien Technologien an der Gesellschaft, heescht et vun der Defenseministesch Yuriko Backes.

De 50 Joer ale Claude Robinet ass den Ament Chef vum Departement “Transformation” vun der Arméi a Lëtzebuerger Representant bei der belscher Defense. Hie war 2002 Deel vun der KFOR-Missioun am Kosovo an 2005, wéi och vun 2011 bis 2012 huet en un der ISAF-Missioun am Afghanistan deelgeholl.

Liest hei d’Schreiwes vum Verdeedegungsministère

Méi Infoen zum Claude Robinet fannt Dir hei

Positiv Reaktioun vum SPAL

D’Arméisgewerkschaft SPAL reagéiert positiv op d’Annonce vum neien Arméischef. Et hätt een e Renouveau gefuerdert an dee géing mam Claude Robinet kommen, esou de SPAL-President Christian Schleck am RTL-Interview.

Reaktioun vum SPAL - Christian Schleck

“Mir huelen dat zur Kenntnis, mir gesinn dat awer och gläichzäiteg als e positive Wiessel, well mir haten eng grondleeënd Fuerderung gestallt, dat ass, dass et e Renouveau sollt ginn, dass een net sollt e ‘weider esou’ maachen an deementspriechend huet och eng nei Ekipp missen elo d’Chance kréien, fir am Oktober, soen ech, emol nei lasszeleeën an de Robinet ass eeben de Kapitän vun där neier Equipe.”

Back to Top
CIM LOGO