Polemesche Video vun der GareSituatioun net schéirieden, mee "kee realistescht Bild" a "rassistesch Aussoen"

François Aulner
E Video iwwert de Garer Quartier suergt op de soziale Medie fir Polemik. Mir waren eis selwer e Bild vun der Situatioun maachen.
Biller vun enger gréisserer Policekontroll am Garer Quartier
© youtube.com/@realjamiesanders

"Am schlechte Quartier vum räichste Land an Europa", e Video vun engem Jamie Sanders am Stater Garer Quartier, dee vun 30.000 Leit gekuckt gouf, suergt fir Polemik op den Online-Reseauen. Am Zesummeschnëtt fokusséiert de Mann op Leit mat däischterer Hautfaarf, Graffitien, Leit, déi op der Strooss leien a kommentéiert et. An engem Extrait gesäit ee Polizisten, iwwerdeems Dealer probéieren, Drogen ze verkafen. Mir waren en Donneschdegmëtteg op déi nämmlecht Plaz den éischte Schäffe vun der Stad, de Maurice Bauer, interviewen an eis och e klengt Bild vun der Situatioun maachen. Dat Bild ass natierlech och subjektiv.

E Video iwwert de Garer Quartier suergt op de soziale Medie fir Polemik. Mir waren eis selwer e Bild vun der Situatioun maachen.

Am Video vum Jamie Sanders ass een Extrait, wou e laanscht e Busarrêt geet, mat deem e probéiert, seng rassistesch Ausso ze confirméieren, datt een an Nordafrika wier. Mir sinn de selwechte Segment nach emol gaangen, mee an déi aner Richtung an do ware quasi nëmme Kaukasen - wäiss Leit - ze gesinn. Et ass eben eng Fro vun Timing, op wat ee fokusséiert oder wëll gesinn.

Subjektiivt Bild?
Mir sinn de selweschte Wee wéi de Youtuber Jamie Sanders getrëppelt, just an déi aner Richtung.

An et ass eng Fro vu Perspektiv. Effektiv waren en Donneschdeg um 14 Auer Mëttes op der Gare e puer "opfalend Leit". E klenge Gruppe ass verschwonnen, esoubal en eise Mikro gesinn huet. Anerer waren amuséiert, mee siichtbar ugedronk oder ënner Afloss vun Drogen. Vun Onsécherheet ze schwätzen oder "Chaos", ewéi den Jamie Sanders et mécht, wier iwwerdriwwen, mee et kann een novollzéien, datt et fir verschidde Leit op d'mannst desagreabel ass. An et muss ee betounen: Honnerte vu Leit sinn, wärend mir do waren, ouni gestéiert ze ginn, op der Gare gewiescht oder duerchgaangen. An der Junk-Strooss hu Leit Gedrénks op Terrasse genoss.

Den éischte Stater Schäffen Maurice Bauer hu mer och virun der Gare getraff an hie sot, et soll een näischt schéi rieden. Et gëtt nach Problemer an e Wee ze maachen. Mee him wier opgefall, datt de Video eng "relativ eesäiteg Situatioun" géing weisen, mee et wieren och "rassistesch Aussoen dran, déi ech wierklech desapprouvéieren".

Police geet all strofbarem Fait no

Am Video vum Jamie Sanders ginn och Poliziste gewisen, hannert deenen hirem Réck Dealeren Droge géingen ubidden. Fir d'Police eng riicht an d'Gesiicht. Hire Pressedéngscht huet eis eng Deklaratioun schrëftlech matginn a betount, datt eleng tëscht Januar a Juni 148 presuméiert Drogendealer festgeholl goufen an d'Joer virdrun 216. Déi meescht dovunner an der Stad.

Weider heescht et: "Aus der Siicht vun der Police erlaben dës eenzel an isoléiert presentéiert Zeenen ouni Kontext et net, e realistescht Bild vum Alldag zu Lëtzebuerg, méi speziell an der Haaptstad, ze zeechnen oder eng generell Iwwersiicht iwwer d'Virgoe vun der Police ze ginn. Wat déi repressiv Approche vun der Police ugeet, wëlle mir ënnersträichen, dass d'Beamtinnen an d'Beamte vun der Police all strofbarem Fait noginn an dëst natierlech och am Beräich vu Verstéiss géint d'Drogegesetzgebung."

E puer Politiker – de Fred Keup vun der ADR, de Marc Goergen vun de Piraten oder nach de Marc Ruppert vu Fokus – sinn op de Video gesprong. Den ADR-Fraktiounschef freet op Facebook, wat d'Léisung ass an äntwert selwer just mat de Behaaptungen, datt d'Majoritéit vun dëse Leit näischt mat der Stad ze dinn hätten an "et wier ganz einfach". Ouni awer da konsequent ze soen, wat hie genee géing maachen. De Maurice Bauer äntwert: "Ech mengen, datt et ebe grad net einfach ass". Et wier e "Melting-Pot" vu ganz vill verschiddene Leit an d'Stad, d'Regierung, d'Police an eng Rei sozial Acteuren wiere permanent amgaang, drun ze schaffen, fir d'Situatioun ze verbesseren.

Zitt méi Offer méi Problemer un?

Aus RTL-Reportagen aus de leschte Joerzéngte geet ëmmer nees ervir, datt d'Onsécherheetsgefill am Stater Garer Quartier méi grouss ass ewéi an engem groussen Deel vum Land. D'Politik huet iwwert dee selwechten Zäitraum ëmmer erëm nei Mesuren ënnerholl: D'Videoiwwerwaachung gouf ausgebaut, nom Asaz vu private Sécherheetsagenten, gouf d'Policepresenz verstäerkt, den Heescheverbuet an de Platzverweis si rezent dobäikomm. Donieft goufen e puer sozial Mesurë geholl, dorënner den Asaz vun Streetworker oder Begleeder vun "À vos côtés", déi Awunner zur Säit stinn, wa se sech net sécher fillen.

D'Stater Oppositioun fuerdert méi sozial Infrastrukturen a Programmer, mee déi sinn iwwert d'Jore just ganz bescheiden ausgebaut ginn. De Maurice Bauer deelt haut nach ëmmer d'Usiicht déi d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer am Januar 2021 bei eis um Radio ginn hat: "Wat mir do méi offréieren, wat natierlech och aner Leit aus dem Ausland heihinner kommen, well an der Groussregioun – ech soen als Beispill – et keen Abrigado gëtt an aner Strukturen och net." De Stater Schäffen seet, et wier ee solidaresch "mat senge Leit, déi Hëllef brauchen, do soll eis näischt ze vill sinn", mee et kéint een "net ufänken, datt all Mënsch aus ganz Europa kann op Lëtzebuerg kommen".

D'Lydie Polfer huet reegelméisseg de Manktem u Suivi vun der Justiz dofir verantwortlech gemaach, datt d'Situatioun net géing besser ginn. Recherche weisen, datt méi streng Strofen d'Kriminalitéit net vill reduzéiert. D'Sécherheet, gepëtzt ze ginn, wann een eng Dommheet mécht, awer schonn. Musterschüler a Punkto Sécherheet favoriséiere meeschtens preventiv sozial Mesuren oder d'Gemeinschaftsliewen géigeniwwer repressive Mesuren.

Who is Jamie Sanders?

Den Jamie Sanders ass iwweregens 28 Joer al a säi Youtube-Channel ass an der Belsch baséiert. Op Nofro hi sot en ons, hie géing nach ëmmer a Flandern an der Belsch liewen an hätt nach ëmmer en normalen 9/5-Job. Hien hofft, vollzäit vu senge Videoe kënnen ze liewen. Säin Zil wier "d'Realitéit ouni Filter ze weisen".

Hie wier "ganz onofhängeg", géing "alles eleng maachen" a kréich "keng Sue vu politesche Parteien etc.", mee just vu Publicitéit.

Back to Top
CIM LOGO