Hei Elei RetroOnsécherheetsgefill: Stad Lëtzebuerg hat virun 30 Joer déi nämmlecht Argumenter

RTL Lëtzebuerg
An der Emissioun vum 29. September 1991 war am Hei Elei op der Tëlee scho rieds iwwert d'Onsécherheetsgefill an der Stad.
Extrait aus dem Hei Elei vum 29. September 1991
Schonn deemools gouf et e grousst Onsécherheetsgefill an der Stad an vun der Gemeng déi nämmlecht Argumenter.

Schonn deemools gouf op der Gemeng an der Stad en allgemenge Iwwerwachungsplang virgestallt. De But war deemools, datt d'Policebeamte sollten opfalen, si sinn also mat der Uniform duerch d'Stad patrulléiert an esou de Kontakt mam Bierger ze sichen.

Op 3 Piliere war dëst opgebaut: Verstäerkt Fousspatrullen, och a rouege Quartieren, well hei déi gréissten Abrochsgefor besteet. Den zweeten Deel huet op e fléissende Verkéier gesat. Den drëtten a leschte Punkt war d'Sécherheet an de Parken, wou nuets Beamte mat Hënn ënnerwee sollte sinn.

Weider gouf virun 30 Joer och annoncéiert, datt déi 189 Polizisten, déi deemools an der Stad aktiv waren, sollte Verstäerkung kréien an den Effektiv sollt op iwwer 200 eropgoen.

RTL Play: Fannt hei déi ganz Emissioun vum 29. September 1991

Back to Top
CIM LOGO