Stad LëtzebuergGarer Quartier "à la dérive"?

Monique Kater
Et ass Sujet, deen interesséiert, d'Leit an d'Politik. D'Gare ass e Stater Quartier, an deem et sech net méi uerdentlech lieft a schafft.
Garer Quartier "à la dérive"?
Et ass Sujet, deen interesséiert, d'Leit an d'Politik. D'Gare ass e Stater Quartier, an deem et sech net méi uerdentlech lieft a schafft.

Dat ass d'Conclusioun, déi een zitt, nodeems een d'Temoignagë vun Awunner a Geschäftsleit héieren huet. Leit, déi scho virun e puer Joer u Biergerversammlungen deelgeholl hunn, an déi sech haut nach méi onsécher fille wéi virdrun. Op der Gare gëtt et Drogenhandel, Prostitutioun an dat passt net esou an d'Bild vun enger Haaptstad. Eidel Stroossen ouni Butteker.

De Marc Schwamberger managt en Hotel an der Aler Avenue a schwätzt an dësem Reportage och fir de Proprietär vu Garer Geschäftssurfacen an engem Parking an der Rue Fort Neipperg. Ronn zwee an en halleft Joer ass hien zeréck am Land. Virdrun huet hie sech ëm en Hotel zu Frankfurt gekëmmert, eng Stad, déi weess, wat eng Drogenzeen ass, mä wat hien op der Stater Gare geséich, géif hien erféieren:

"De gréissten Impakt hat et ab Mee 2019, wou d'Avenue de la Gare wéi gesot fir déi normal Zirkulatioun zougemaach ginn ass. Do huet ee gesinn, dass et ganz séier degeneréiert huet ab Summer."

Hir Proprietéit léich "am Bermudadräieck", géife si ëmmer soen. Do, wou Al an Nei Avenue ufänken. Op deem Eck stinn därer, déi een op Lëtzebuergesch "Gelungener" nennt. Am Dag schonn ongestéiert duerch Passanten, well een u sech net méi vill ze sichen huet, an der Avenue de la Gare. Iwwer 20 Geschäfter hätten zougemaach, d'Al Avenue - eng Strooss fir Dealer a Busser? Dat kann net sinn an dat misst een änneren.

"Den ieweschten Deel vun der Stroossbuergerstrooss, déi Terrassen, do ass Gastronomie, do kann ee sech restauréieren. Dat heescht, owes hues dat menges Erachtens e positiven Effet. Eng Place de Paris huet e positiven Effet. Dat mierkt een och a verschiddenen direkten Ëmfelder. Soulaang op d'mannst déi Terrassen op sinn. Am Summer ass et natierlech méi schéi wéi am Wanter. Hei an der Strooss gëtt et dovu leider guer näischt méi", sou de Marc Schwamberger.

Déi mat Hoteller a Geschäfter sinn net eleng, wat hir Suerg ëm der Garer Quartier ugeet. D'Awunner erliewen et all Dag, d'Stad Lëtzebuerg wéisst och genee, wat leeft, d'Biergerversammlungen zesumme mat de Policeministere Schneider a Bausch, elo Kox, hätten d'Angscht vun de Leit gewisen. Ouni konkret Resultat. Eng privat Sécherheetsfirma op der Gare, am Optrag vun der Buergermeeschtesch, zesumme mat A vos côtés an dem Méi u Polizisten, Enn lescht Joer, hätt Rou bruecht.

Firwat net méi Commercen, respektiv Awunner sech zesummen doen, hätt hie sech och gefrot. Dofir elo eng Initiativ, déi d'Gare nees soll "Garer Quartier" maachen. E Quartier, dee lieft, e richtege Stater Quartier.

Ob ee Commerçant ass, Restaurateur, Hotelier oder Awunner – si wéilten einfach nees déi normal Liewensqualitéit zréck. E Grupp, dee si alleguerte representéiert, soll a wäert an Zukunft fir d'Gare schwätzen. Am Intressi vum ganze Quartier.

Back to Top
CIM LOGO