De Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie sinn e Mëttwoch op Paräis gereest, wou si vum President Macron empfaang goufen.
De Grand-Duc Guillaume an d‘Grande-Duchesse Stéphanie waren e Mëttwoch zu Paräis. Si waren am Elysée beim franséische President Emmanuel Macron a senger Fra Brigitte gelueden. Deemno huet sech déi nach relativ nei groussherzoglech Koppel och elo offiziell beim Staatschef vun eisem Nopeschland Frankräich presentéiert.
Fir en neie Groussherzog däerf eng Visite de courtoisie – eng Héiflechkeetsvisitt – am Elysée net feelen. De Grand-Duc Henri hat seng deemools nëmmen e puer Deeg nom Trounwiessel am Joer 2000. Hien an d‘Grande-Duchesse Maria Teresa waren vum franséische President Jacques Chirac a senger Fra Bernadette empfaange ginn.
Deemools war Frankräich dat éischt Land op der Lëscht vun de Plazen, wou de Grand-Duc Henri sech presentéiere war. Fir de Grand-Duc Guillaume an d‘Grand-Duchesse Stéphanie ass et déi sechst Etapp. No der Belsch, Däitschland, Holland, dem Vatikan a Spuenien, e Mëttwoch da Frankräich, Paräis, den Elysée.
E bësse Sonn war zwar, ma de Sonnebrëll war um President senger Nues wéinst enger Entzündung, déi net fort geet. De Grand-Duc Guillaume an d‘Grande-Duchesse Stéphanie si keng Onbekannter fir d‘Macrons. Beim Trounwiessel ware si dobäi. Elo revanchéiere si sech bei der groussherzoglecher Koppel.
D‘Brigitte Macron huet sech ëm d‘Groussherzogin gekëmmert, wärend d‘Häre mat hiren offiziellen Delegatiounen en Aarbechtsentretien haten. Op Lëtzebuerger Säit mat dobäi war een, deen am Elysée scho kënneg ass: den Ausseminister Xavier Bettel.
Eréischt duerch d‘Mail vum Presseservice vum Elysée gouf ee gewuer, wéi eng Themen um Ordre de Jour stinn. D‘Kënschtlech Intelligenz war eent dovun. Viru ronn engem Joer hat d‘Lëtzebuerger Regierung jo e Kontrakt iwwer fënnef Joer mat der franséischer KI-Firma Mistral ënnerschriwwen. Déi Firma soll Lëtzebuerg a seng Administratiounen – dozou gehéiert jo dann d‘Maison du Grand-Duc – méi onofhängeg maache vun net-europäesche Firmen aus dem KI-Beräich. D‘KI-Modeller vu Mistral kënnen op staatlechen Infrastrukturen installéiert ginn. Dat ass praktesch an et gëtt manner Risiko fir Fuitten.
Da wollten de Grand-Duc Guillaume an de President Macron och iwwer grouss international Sujeten diskutéieren: Ukrain, Noen Osten, Kompetitivitéit an déi europäesch Spuer- an Investitiounsunioun.
Eng Pressekonferenz vun der Lëtzebuerger Delegatioun war no der Reunioun, déi ronn eng Dräivéierelsstonn gedauert huet, net virgesinn. An och Interviewe ware keng geplangt am Kader vun der Visite de courtoisie. Dofir kann een net wëssen, iwwer wat d‘Staatscheffe wierklech geschwat hunn, a wéi d‘Ambiance war. Gewénkt krut d‘groussherzoglech Koppel allemol - et war een "Au revoir".