
Am Traversini-Prozess ass de fréieren Deputé-Maire vu Déifferdeng, Roberto Traversini, schëlleg gesprach ginn. D’Geriicht huet eng Prisongsstrof vun 3 Joer mat integralem Sursis an eng Geldstrof vun 10.000 Euro festgehalen. Doriwwer eraus dierf hie 5 Joer laang keen ëffentlecht Mandat unhuelen.
Am Dossier goung et ënner anerem ëm prise illégale d’intérêts, Verontreiung vun ëffentleche Gelder a Faux. De Parquet hat véier Joer Prisong mat integralem Sursis, eng Geldstrof an e Verbuet, fir en ëffentlecht Mandat auszeüben, gefrot.
D’Urteel ass nach net rechtskräfteg, de Roberto Traversini huet 40 Deeg Zäit, fir an Appell ze goen.