
De Mëttwoch de Moie gouf zum Beispill en Text ugeholl, deen en Donneschdeg an der Plenière gestëmmt gëtt an deen de Remplacement vun engem Dierwiechter soll méi einfach a flexibel maachen. Den Text spillt, wann den Huissier krank gëtt oder Congé hëlt - d'Prozeduren, fir en Ersatz ze fannen, gi vereinfacht.
Och dësen Text ass am Kader vun de restriktive Mesuren an der Lutte géint d'Corona-Pandemie ze situéieren.
Wann also zum Beispill en Dierwiechter a Quarantän ass, respektiv sech krank mellt, ass et um President vun der Chamber vun den Dierwiechter, fir e Remplaçant ze bestëmmen - dëse kann och aus engem aneren Arrondissement kommen.
D'Fro stellt sech abënns fir de Justiz-Bezierk vun Dikrech, wou et nëmmen 3 Dierwiechter ginn.
D'Ännerung vum entspriechende Gesetz, déi en Donneschdeg dierft um Krautmaart ugeholl ginn, soll och nom Etat de crise nach gëllen.
Dëse Freideg gëtt an der Chamber-Justiz-Kommissioun iwwerdeem iwwert d'Suspensioun vu verschiddenen Delaien op juristeschem Niveau diskutéiert - zum Beispill ass wärend dem Etat de crise ee wichtegen Delai ausgesat: nämlech deen, datt een no der Gebuert vun engem Kand muss bannent 5 Deeg beim Etat civil passéieren, dat gëllt fir den Ament net.