Accident mat déidleche SuittenParties civiles kréie Schuedenersatz vun am Ganze 4.500€

RTL Lëtzebuerg
Am Fall goung et ëm en Accident zu Sandweiler, bei deem eng eeler Fra ugestouss an déidlech blesséiert gouf.
© RTL Archiv

Am zweete Prozess ëm en Accident mat déidleche Suitten, am November 2016, zu Sandweiler krute 6 Parties civilen e Mëttwoch am Nomëtten op der Cour d'appel an der Stad um zivilrechtleche Plang zesumme 4.500 € Schuedenersatz zougesprach.

Um strofrechtleche Volet war en eelere Mann am Juni um Stater Geriicht zu enger Geldstrof vu 1.500 € an zu engem Fuerverbuet vun zwee Joer mat Sursis condamnéiert ginn.

Hien hat sengerzäit um Zebrasträife bei der Kontrollstatioun eng eeler Fra ugestouss. Déi war sou uerg blesséiert ginn, dass si 3 Deeg drop gestuerwe war.

Back to Top
CIM LOGO