
An enger ëffentlecher Sëtzung vun der Chamber huet de Premier Luc Frieden en Dënschdeg de Mëtteg eng Deklaratioun zum Tripartite-Accord ofginn. Duerch den Iran-Krich wieren d'Energiepräisser massiv geklommen, wat indirekt dozou féiere géing, datt vill aner Produite méi deier ginn. Et wier ee Sujet, deen déi ganz Gesellschaft betreffe géing, dowéinst wier et wichteg a richteg gewiescht, eng Tripartite anzeberuffen. An och wann d'Gespréicher net einfach gewiescht wieren, hätten all d'Sozialpartner awer ëmmer gudde Wëlle gewisen. Den Accord géing op dräi Piliere foussen: D'Inflatioun bremsen an d'Kafkraaft erhalen, d'Ekonomie schützen an d'Aarbechtsplazen erhalen an déi ekologesch Transitioun virundreiwen.
D'LSAP-Fraktiounspresidentin Taina Bofferding huet den Accord begréisst, well e gutt fir dat ganzt Land wier. Si géing dann och hoffen, datt de Sozialdialog an Zukunft méi gefleegt gëtt an net just dann aus dem Tirang geholl gëtt, wann et onbedéngt néideg ass. Mat Bléck op de Mindestloun wier d'Erhéijung zwar gutt, géing awer net duergoen.
"Mir soen awer och gläichzäiteg, datt et net bei enger eemoleger Mesure soll bleiwen, wéi gesot, mir hätte gär eng strukturell Erhéijung. Och ass et wichteg, dofir ze suergen, datt de Mindestloun an Zukunft an d'Luucht geet an ech verweisen hei och op eis Proposition de loi, fir dësen och all Joer un d'Lounentwécklung unzepassen."
Datt Präishaussë bei fossillen Energien ofgebremst solle ginn, wier lo zwar néideg, misst awer zäitlech begrenzt sinn, well et mat Bléck op déi ekologesch Transitioun dat falscht Signal wier.
De President vun der ADR-Fraktioun Fred Keup huet gemengt, datt sech am Tripartite-Accord vill Mesuren erëmfanne géingen, déi schonn am ADR-Walprogramm gestanen hätten, dowéinst hätt et am Fong guer keng Tripartite gebraucht. Als Beispill huet hien d'Erofsetze vun den Accisen um Sprit genannt. Et géifen awer och negativ Punkte ginn, ënnert anerem d'Käschten an Héicht vu 450 Milliounen Euro.
"A wann der déi 450 Milliounen op d'Populatioun rechent, dann heescht dat, datt all Awunner hei am Land elo 700 Euro bezilt, fir déi Moossnamen hei duerchzesetzen. Dat ass och eng Realitéit, well iergendwou mussen d'Suen hierkommen an da maache mer Scholden an dann ass jo iergendwann een, deen et muss bezuelen, am Zweiwelsfall déi Generatiounen, déi no eis kommen."
Et géing net nëmmen ëm kuerzfristeg Entlaaschtunge goen, mee et bräicht och Äntwerten op strukturell Problemer, zum Beispill beim Logement.
D'Sam Tanson huet als Spriecherin vun deene Gréngen ënnert anerem gefuerdert, datt nach méi gemaach misst ginn, fir géint déi ugespaante Situatioun um Logementsmarché virzegoen.
"Nieft dem Ausbau vum ëffentleche Wunnengsbau, dee jo lo nach eng Kéier renforcéiert gëtt, brauch et an eisen Aen eng Responsabiliséierung vun deenen, déi Proprietär sinn an déi hir Proprietéiten, déi eidel stinn, awer net mam Marché deelen, spréch Mobiliséierung vun eidelstoende Wunnengen a Mobiliséierung vun Terrainen. Déi missten an eisen Ae virgezu ginn, dovu geet keng Rieds."
Mat Bléck op d'Energie hätt ee sech gewënscht, datt eng Sensibiliséierungscampagne fir ze spueren, déi geschwë lancéiert soll ginn, schonn éischter komm wier.
De Marc Goergen vun de Piraten huet bedauert, datt de Stroum net e bësse méi bëlleg gemaach gouf, dat virop als Zeeche fir déi Leit, déi een Elektroauto fueren.
Fir déi Lénk huet de Marc Baum gemengt, d'Regierung bräicht net méi ganz vill, fir zefridden ze sinn. Et wier ee scho frou, wa mol eng Kéier kee weidere Porzeläin zerbrach gouf. D'Erhéijung vum Mindestloun wier zwar gutt, mee et wier net an der Rei, datt se komplett vun der Allgemengheet an net vun de Patrone bezuelt géing ginn.
Et gouf dann nach unanime eng Motioun vun der LSAP ugeholl, fir eng Spezialkommissioun-Tripartite ze schafen.