
D’Auslänner maachen e bësse méi 47 Prozent vun der Bevëlkerung aus, d’Lëtzebuerger 52,6 Prozent, heescht et vum Statec. Lëtzebuerg bleift ee Land vun der Immigratioun.
Et si virun allem Fransousen, déi zejoert heihinner wunne komm sinn. Si hunn esouguer d’Italiener an d’Portugisen iwwerholl, mat 1.637 Fransousen, déi op Lëtzebuerg koumen. Bei den Italiener sinn et 1.020 Persoune gewiescht a bei de Portugisen 982.
Wat déi auslännesch Communautéit ausmécht, déi am meeschten am Grand-Duché vertrueden ass, da sinn dat awer eis portugisesch Matbierger, déi do 15,2 Prozent ausmaachen, an esou direkt hannert de Lëtzebuerger leien.

De Statec huet och analyséiert, wéi d’Alterspyramid opgebaut aus, wou méi Lëtzebuerger respektiv méi Auslänner unzetreffe sinn. Do weist sech, datt bei Mënschen iwwert 55 Joer méi Lëtzebuerger vertruede sinn, och bei den Alteren driwwer ass dat de Fall. Iwwert 65 Joer maachen d’Auslänner just nach 29 Prozent aus. Et ass virun allem bei den 30 bis 54 Joer ale Residenten, wou d’Situatioun ëmgedréint ass. Do sinn Leit mat anerer Nationalitéit iwwerrepresentéiert, heescht et.

De Statec avancéiert awer nach weider interessant Zuelen. Esou ass d’Zuel vun de Gebuerte par Rapport zum Joer virdrunner liicht zeréckgaangen. Et hat ee 44 Gebuerte manner wéi nach 2018. Domadder loung ee bei 6.230 Gebuerten 2019. Dat géif drop zeréckzeféiere sinn, datt manner auslännesch Bëbeeën op d’Welt koume wéi dat Joer virdrunner.
Domadder geet dann och Moyenne vu Puppelcher pro Fra erof, op 1,34 Kanner pro Fra. Do war et 2018 nach 1,38 Kanner pro Fra. Déi hunn an der Moyenne 31 Joer beim éischte Kand.
Bei den Doudesfäll gëtt et och ee liichte Réckgang, par Rapport zu 2018. D’lescht Joer sinn 4.283 Persoune gestuerwen, déi meescht dovunner Lëtzebuerger, wat duerch d’Alterspyramid bedéngt ass. Am Duerchschnëtt ginn d’Frae 84,5 Joer al, d’Männer 80 Joer al.
Bei den Hochzäiten gouf et eng Hausse vun 13 Prozent, et läit een iwwert 2.100 fir d’lescht Joer, mä och scheede maache sech der vill. Do gouf et eng Hausse vu 55 Prozent par Rapport zu 2018.
1.906 Scheedunge gouf et zejoert.