"OUNI" zu DiddelengOnline-Shopping leeft den Ament richteg gutt

Monica Camposeo
Plattforme wéi letzshop oder luxcaddy hunn e grousse Succès, ma och méi kleng Epicerië mussen awer an dëser Zäit ëmdenken a sech der Situatioun upassen.

D'Monica Camposeo war op Diddeleng an den Onverpaakt-Buttek "OUNI" kucken, dee pünktlech een Dag virun de Consignë vum Ministère d'Ouverture gefeiert huet.

Liwwerservice "OUNI"/Reportage Monica Camposeo

Am Buttek OUNI zu Diddeleng ass schonn alles prett, et richt esouguer schonn no Kaffi. Hei gi Liewensmëttel an Hygiènesproduite verkaaft, déi net verpaakt sinn. Manner Offall a méi Nohaltegkeet, dat ass d'Konzept vum OUNI, deen et zanter 2016 schonn am Garer Quartier an der Staat gëtt. An elo dann och zu Diddeleng. Dat awer nëmme kuerz, well no der Ouverture vum 14. Mäerz, huet de Buttek nëmmen e puer Deeg drop schonn nees seng Diere fir d'Clienten zougemaach, erzielt de Joshua Streitz, Gérant vum OUNI.

"Mir haten e super Erëffnungsdag Samschdeg, d'Bud war voll, mir hate ganz vill Clienten a mir hunn awer méindes direkt gemierkt, nodeems d'Mesurë vun der Regierung ugekënnegt goufen, dass mer dat net laang esou kënne weidermaachen. Et sinn effektiv e puer Leit luusse komm, mä e wierkleche Betrib war dat net. An et war och fir eis net schéin, an engem Buttek ze stoen, wou kee kënnt. An dann hu mer eis Gedanke gemaach, wéi mer elo kënne weider funktionéieren an dëser Zäit, déi op eis duer kënnt."

D'Iddi, fir e Liwwerservice en place ze setzen, war scho virum Coronavirus do. Ma elo huet awer alles immens séier misse goen.

"Fir eis ass dat natierlech eng grouss Ëmstellung gewiescht, well mer bis dato net dofir opgestallt waren, dat si mer bis haut nach net. Mir hunn dat Bescht aus enger blöder Situatioun gemaach, kann een soen. Et huet e grousse Succès, d'Leit si frou domadder, et ass bei eis intern natierlech mat vill Aarbecht verbonnen, mä mir si frou, dass mer esou der Gesellschaft nach kënnen déngen."

An deenen zwee Butteker zielt den OUNI ronn 10 Persounen zum feste Personal. De Liwwerservice ass nach ganz nei, ma all Dag kommen awer schonn eng 40 bis 50 Commanden eran. An dann dauert et 2 bis 3 Schaffdeeg, bis d'Akeef virun der Dier stinn. Ma well jo alles ouni Verpackung geliwwert gëtt, stellt de Buttek Behälter mat Vidange zur Verfügung an hëlt dës herno nees zeréck. D'Hygiènesmoossname wieren ëmmer schonn héich gewiescht, heescht et, mä besonnesch elo gëtt dann och opgepasst, wann d'Clienten hir Bestellung an de Buttek wëlle siche goen.

"Wann nach Clienten erakommen, fir hir Saache sichen ze kommen, ass et natierlech och do selbstverständlech, dass mer op d'Hygiène oppassen. No all Client gëtt sech d'Hänn gewäsch. Eis Livreuren hunn Hännercher un an eng Mask. Do probéiere mer och, esou gutt et geet, opzepassen. Déi eeler Leit, déi dat brauchen, well si vulnerabel sinn oder sou, kënnen natierlech och eng Contactless-Liwwerung kréien, wou si dann d'Saache virun d'Dier gesat kréien. Mir ruffen dann un, wann et do ass."

Eng kontaktlos Bezuelung ass dann och méiglech, zum Beispill mat enger Iwwerweisung.

Back to Top
CIM LOGO