Chamber huet 2 Gesetzprojeten ugehollOfännerung vum Juegdgesetz a Schutz vu Mënscherechter a Grondfräiheeten

RTL Lëtzebuerg
Nieft dem Gesetzprojet iwwer Hëllefe fir Betriber an Zäite vu Coronavirus huet d'Chamber en Dënschdeg nach 2 weider Gesetzprojeten eestëmmeg ugeholl.

An deem enge goung et ëm eng Ofännerung vum Juegdgesetz vun 2011, wat verschidden Delaien ugeet, an an deem aneren ëm e Protokoll zur Konventioun vun 2013 iwwert de Schutz vun de Mënscherechter a vun de Grondfräiheeten.

Chamber - Deel 1/Reportage Eric Ewald

Duerch dee Protokoll gëtt dem Europäesche Mënscherechtshaff seng Kompetenz ëm d'Aféiere vun enger consultativer Prozedur erweidert, huet de Rapporteur Charel Margue ënnerstrach. D'Cour vu Stroossbuerg ass jo zoustänneg fir Sträitfäll, déi den nationalen Instanzewee duerchlaf hunn.

"Hei geet et drëms, dass eis héchst Juridictiounen - dat sinn an dësem Fall d'Verfassungsgeriicht, d'Verwaltungsgeriicht, d'Cour de cassation an d'Cour d'appel - nach wärend der nationaler Prozedur de Mënscherechtshaff mat enger Demande d'avis kënne saiséieren."

Fir de gréngen Deputéierten dierft dat zu enger Entlaaschtung vum Mënscherechtshaff féieren.

D'Diane Adehm vun der CSV huet betount, dass dat e bëssen dem Prinzip vun enger Question préjudicielle un den Europäesche Geriichtshaff gläichkënnt: "mä den Avis vum Europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff ass net bannend an dësem Fall. Mir begréissen och, dass d'Justizministesch definéiert huet, wat "les plus hautes juridictions sinn"."

Der Justizministesch no wär dëse Moment genee dee richtege fir sou en Text, well et elo géif gëllen, de Rechtsstaat héich ze halen.

"Grad dës Zäite sinn och déi geféierlechst fir eis fundamentaalsten Normen, well mer gläichzäiteg ënner Drock stinn, d'Sécherheet vun der Allgemengheet ze garantéieren, eis Matbierger ze schützen an awer och d'Defie sech all Stonn kënne radikal änneren."

Et kéint ee Stroossbuerg also ëm Rot froen, wéi d'Dispositioune vun der Mënscherechtskonventioun an engem konkrete Fall ze interpretéiere sinn. Sou Froe kéinten och fir aner Staaten interessant sinn, huet d'Sam Tanson gemengt.

Dëse Projet de loi gouf genee sou unanime ugeholl wéi virdrun een zur Juegd.

Chamber - Deel 2/Reportage Eric Ewald

Do goung et ënnert anerem drëms, dass virum Hannergrond vun der Corona-Kris Generalversammlunge fir Juegdlousen ofgesot goufen an elo bis den 31. August kënnen nogeholl ginn. De grénge Rapporteur François Benoy: "Déi nei Mandater vun de Collèges des syndics fänken den 1. September un an d'Stee, fir d'Juegdrecht ze verpachten, muss spéitstens bis den 31. Januar d'nächst Joer stattfonnt hunn."

Dat Recht gëllt da vum 1. Abrëll 21 bis den 31. Mäerz 30.

De Gilles Roth vun der CSV huet fir seng Partei eendeiteg Jo gesot: "Ech si jo net suspekt, fir ëmmer mat der Ëmweltministesch op enger Wellelängt ze sinn. Dat ass sou an enger parlamentarescher Demokratie."

Fir de Rescht ass de Chamberpresident Fernand Etgen en Dënschdeg fir déi eenzel Votte vum Sëtzungssall an zwee Kommissiounssäll gepilgert an et hunn och verschidden Deputéiert am Verlaf vun der Sëtzung de Sall gewiesselt. Do kann ee bal soen: Vive d'Plënneren, no Ouschteren, an de Cercel, an deem d'Volleksvertrieder dann nees all zesumme sëtzen.

Back to Top
CIM LOGO