
An Zukunft musse mer eis drop astellen, datt Hëtztwellen ëmmer méi dacks an och méi laang optrieden. Dofir wier et elo un der Zäit, d'Land besser op déi héich Temperature virzebereeden, esou déi Gréng en Donneschdeg op enger Pressekonferenz. Konkret huet d'Oppositiounspartei ee 5-Punkte Plang presentéiert. Ënnert anerem sollen d'Gemenge bei Begréngungs- a Renaturéierungsprojete mat Subside vu bis zu 75% ënnerstëtzt ginn. Ma och fir d'Privatleit soll et Hëllefe ginn, esou déi Gréng Deputéiert Joëlle Welfring:
"Nieft de Gemenge sollen och d'Privatleit duerch en neie Klimabonus 'Natur' vum Staat eng finanziell Hëllef kréien, wa se manner Bëtong a méi Buedemplanzen an hire Virgäert wëllen, nom Beispill vun der Stad Esch. Doduerch bleift et eeben net just am Summer méi kill, mee et stinn och manner Iwwerschwemmungen, wat och en Deel ass vun der Klimapreparatioun."
Donieft misst verstäerkt an d'Klima-Bestännegkeet vun den Infrastrukturen investéiert ginn. Dozou gehéiert de Sonneschutz oder och nach d'Ventilatioun vun ëffentleche Gebaier. Och hätt déi lescht Canicule gewisen, datt ee gemeinsame Kader tëscht de verschiddenen Acteure wéi den ëffentlechen Autoritéiten, de Schoulen oder och de Spideeler gefeelt huet. De gréngen Deputéierte Meris Sehovic huet dofir fir een nationalen Hëtzeschutzplang plädéiert:
"Mir brauchen en nationale Plang, deen am Viraus festleet, wat bei deene verschiddene Warnstufe geschitt. Wat bedeit eng Alerte orange oder eng Alerte rouge fir d'Schoulen? Wat geschitt an de Maisons-relaisen? Wat gëllt fir d'Spideeler, fir d'Alters-, fir d'Fleegeheemer? Wéi ginn d'Gemengen ënnerstëtzt? Wat bedeit dat fir d'Leit, déi dobausse schaffen an esou weider? An et geet eis eigentlech net drëms, alles zentral virzegesinn, mee op d'mannst awer am ganze Land e gewësse Mindeststandard ze hunn, well d'Leit mussen am Viraus wëssen, wat se kënnen erwaarden. An d'Gemengen an d'Institutioune musse sech och op kloer Reegelen a kloer Prozedure verloosse kënnen."
Dofir bräicht et deene Gréngen no och eng méi proaktiv Haltung géintiwwer der Hëtzt. Donieft huet déi Gréng Deputéiert Djuna Bernard och dofir appelléiert, Leit ouni Daach iwwer dem Kapp besser ze schützen.
"Mir proposéieren hei an dësem Aspekt eng verbindlech Summeraktioun. Mir hunn eng Wanteraktioun, déi genau déi klimatologesch Gegebenheeten en compte hëlt. A mir mengen, dass et grad och, wann et ëm offiziell Hëtztwarnunge geet, och hei muss am Fong eng Summeraktioun declenchéiert ginn, wou automatesch zousätzlech kill Openthalts- an Iwwernuechtungsplaze mussen opginn, wou d'Dagesstrukture musse sech méi laang och hir Ëffnungszäiten ausdeenen, wou den Zougang zu Drénkwaasser, zu Toiletten, zu Duschen absolutt muss ausgebaut ginn."