Op fréierem Site vu Liberty SteelNeien Handwierkerhaff mat Plaz fir bis zu 3.500 Salariéeën zu Diddeleng

Céline Eischen
Fanny Kinsch
Um fréiere Site vu Liberty Steel zu Diddeleng sollen an de nächste Jore 400 Handwierksbetriber Plaz fannen.
Neien Handwierkerhaff mat Plaz fir bis zu 3.500 Salariéeën
Um fréiere Site vu Liberty Steel zu Diddeleng sollen an de nächste Jore 400 Handwierksbetriber Plaz fannen.

Fir déi nei Entreprise plangt een an der Industriezone ''Wolser’’ een Handwierkerhaff. Esou wëll d’Regierung an Zesummenaarbecht mat de Gemengen Diddeleng a Beetebuerg de Site vum Stolbetrib, deen am November 2024 Faillite gaangen ass, revaloriséieren. Gläichzäiteg wëll een och d’Handwierksbetriber ënnerstëtzen, andeems een hinnen déi Infrastrukturen op enger Plaz bitt, déi se brauchen, fir ze funktionéieren a sech ze entwéckelen.

Neien Handwierkerhaff zu Diddeleng / Rep. Céline Eischen

Mat enger gemeinsamer Infrastruktur, déi op d’Handwierk axéiert ass, soll de Site zu ''Wolser’’ effikass genotzt ginn. De Besoine vum Handwierk kéint een esou besser Rechnung droen, esou den zoustännegen DP-Minister Lex Delles:

“Hei geet et drëm, dass mer och schwéier handwierklech Aktivitéite kënnen op engem Site hunn, an och de Betriber eng Méiglechkeet kënne ginn, fir sech kënnen ze developpéieren. Mir schwätzen hei vum Secteur vun der Constructioun. Mir schwätzen hei vu Schlässereien zum Beispill oder aner Betriber am Handwierk. Mir wëssen awer och, dass zum Beispill eng Schlässerei net kann op engem drëtte Stack oder op engem véierte Stack sinn, well bei deem heite Projet ass et wichteg ze gesinn, dass mer d’Densifikatioun och zesumme mat der Gemeng Diddeleng a mat der Gemeng Beetebuerg kënne konsequent weiderbréngen.”

Effektiv mussen d’PAP’en a PAG’en a béide Gemengen nach punktuell ugepasst ginn, fir datt méi Betriber um Site kënne Plaz fannen. De Fokus géif de Gemenge-Responsabelen no op enger effizienter Flächen-Notzung leien.

© Céline Eischen

Esou een Handwierkerhaff wier net vu Muttwëll: Wéi aus enger Enquête ervirgaangen ass, hu vill Betriber Schwieregkeeten, fir Terrainen ze fannen. Wéinst dësem Plazmangel kënne Betriber net richteg evoluéieren a wuessen. Eng Rei Betriber si vun dësem Problem betraff, erkläert de Paul Nathan, Vize-President vun der Chambre des Métiers:

“Vun deene 533 Betriber hunn eng 114 Betriber eis gesot, dass se konkreet an aktiv amgaange sinn, eng nei Surface ze sichen. Dat hu mer och quantifizéiere gelooss. Dat sinn 68 Hektar, déi deene Betriber feelen.”

An dräi Etappe soll de Projet realiséiert ginn: An enger éischter Phas gëtt een Deel vun den Hale renovéiert. Duerno kommen nei Gebaier dobäi, bis zu 3.500 Leit sollen duerno um Handwierkerhaff schaffen. Fir den Diddelenger Gemengepapp Dan Biancalana ass dat eng Plus-value:

“Duerch den heite Projet entstinn och mengen ech nei Synergien, nieft den neie Plazen, déi geschaaft ginn, awer och Synergië mat engem Diddelenger Lycée, firwat och net, datt et e Lycée mixte ass, och fir do d’Handwierk ganz kloer nach méi no ze bréngen. Ech mengen, datt hei eng Rei Opportunitéite sinn, fir och dem Handwierk eng Visibilitéit ze ginn.”

10 bis 12 Milliounen Euro kascht déi éischt Phas, bis 2028 soll déi scho fäerdeg ginn. Fir dee ganze Projet gëtt ee sech en Zäitraum vun 10 bis 15 Joer. Dee ganze Budget ass nach net chiffréiert.
Um fäerdege Site ass duerno och Plaz fir Aktivitéiten am Défense-Secteur virgesinn.

Back to Top
CIM LOGO