Net eréischt am JanuarModalitéite fir staatlech Loyer-Subventioun goufen elo schonn ugepasst

Pierre Jans
Et gi sécherlech Leit, déi wéinst der sanitärer Kris elo manner verdéngen ewéi normal. Zum Beispill där, déi vum Chômage partiel concernéiert sinn.
Modalitéite fir staatlech Loyer-Subventioun goufen ugepasst
Et gi sécherlech Leit, déi wéinst der sanitärer Kris elo manner verdéngen ewéi normal. Zum Beispill där, déi vum Chômage partiel concernéiert sinn.

De Loyer bleift fir vill Leit awer dee selwechten.

Fir esou Leit ënnert d'Äerm ze gräifen, huet d‘Regierung d'Modalitéiten an d'Konditiounen, fir eng staatlech Subventioun fir de Loyer ze kréien, ugepasst. Dat war souwisou virgesinn, mä wéinst der Kris gëllt déi Adaptatioun scho vun e Mëttwoch un.

Déi staatlech Hëllef riicht sech u Stéit mat engem klenge Revenu, vun deem op d'mannst 25 Prozent an de Logement fléissen. An dräi Tableauen ass d'Hëllef gestaffelt, vun engem Stot mat enger Persoun bis e Stot mat 6 oder méi Kanner.

E Beispill: de Seuil vum Revenu läit fir e Stot mat 2 Kanner elo bei 5.500 Euro Netto. De Loyer, deen de Logementsministère fir déi Kategorie als Referenz hëlt, läit bei 1.380 Euro de Mount. Fir e Stot mat 2 Kanner ass déi finanziell Hëllef fir de Loyer bei 187 Euro plafonéiert.

Subventiounen um Loyer / Reportage Dany Rasqué

PDF: Hei dat adaptéiert groussherzoglecht Reglement mat den neien Zuelen.  

Back to Top
CIM LOGO