"D'Begréngung vun der Stad ass eng absolutt Prioritéit, mee net vu gëschter un, scho ganz laang", dat seet d'Stater Buergermeeschtesch, nodeems no der Canicule déi lescht Wochen vill doriwwer geschwat gouf. D'Lydie Polfer war de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.
D'Stad Lëtzebuerg huet jo e Mëttwoch hiert neit Begréngungskonzept virgestallt. Dat wier näischt Neies, mee einfach d'Fortsetzung vun enger Politik, déi schonn zënter Jore gemaach gëtt.
Vill vun de siwe prioritäre Projeten, déi virgestallt goufen – wéi d'Renaturéierung vun der Péitruss – wieren dofir och scho laang lancéiert ginn. D'Lydie Polfer betount, datt et net nëmmen ëm méi Beem geet, mee ëm eng méi breet Upassung un de Klimawandel.
Nieft der extremer Hëtzt misst och de staarke Reen an d'Iwwerschwemmunge mat an d'Planung afléissen. Dat neit Konzept soll als laangfristege Plang déngen, deen no an no an all gréisseren Entwécklungsprojet integréiert gëtt – dofir hätt een och net eng konkret Zäitschinn kënne festleeën.
Op d'Kritik, dass Plazen ewéi d'Paräisser Plaz, de Knuedler oder den Hamilius weider Hëtztinsele bleiwen, äntwert d'Lydie Polfer, datt et do technesch an urbanistesch Grenze gëtt. Um Knuedler géif den ënnerierdesche Parking d'Planze vu Beem verhënneren.
Gläichzäiteg bräicht eng Stad och oppe Plazen, wou Manifestatiounen an Evenementer kéinte stattfannen.
Fir d'Paräisser Plaz verweist d'Buergermeeschtesch op d'Biergerbedeelegung. Bei där wier de Choix op eng oppe Plaz mat Waasserspiller gefall, amplaz vun enger méi staarker Begréngung.
En anert grousst Thema war d'Situatioun am Garer Quartier. D'Stater Buergermeeschtesch deelt d'Kritik vun den DP-Politikerinnen a Geschäftsfraen Anne Kaiffer a Barbara Agostino. D'Sécherheets- an d'Hygiènesproblemer op der Gare géifen zënter Jore bestoen a wieren einfach net méi tragbar.
D'Buergermeeschtesch setzt all hir Hoffnungen op de Platzverweis, deen e Mëttwoch de Mëtteg an der Chamber gestëmmt gouf. Dee soll der Police endlech méi Méiglechkeete ginn, fir géint Persoune mat problemateschem Verhale virzegoen.
Dat wier zwar net eng Léisung fir alles, mee e weidert Instrument.
Et gëtt vill Leerstand uechter d'Geschäfter an der Stad. An der Aler Avenue op der Stater Gare sti ronn 20 Prozent vun de Flächen eidel.
Dofir verweist d'Lydie Polfer op d'Initiativ vun der Stad Lëtzebuerg, eidel Geschäftsraim iwwer Popup-Storen zäitweis ze notzen."Natierlech zu engem Präis, dee vill manner ass, wéi dat, wat d'Proprietären um private Marché géife froen", sou d'Stater Buergermeeschtesch.
Et géif ee sech ëmmer op déi vill eidel Butteker fokusséieren, dobäi géifen awer och ëmmer nees nei Geschäfter opgoen: "Et sinn der esou vill nei erakomm, an ech hunn d'Lëscht, oder bal esou vill neier komm wéi déi, déi och fortginn. Ech menge wéi heescht et, Handel ist Wandel?"
Och d'Fro vun enger méiglecher Tax op eidel Wunnengen a Geschäftslokaler gouf en Donneschdeg de Moien thematiséiert. D'Lydie Polfer wollt sech dozou net kloer positionéieren.
Si ënnersträicht, datt fir d'éischt eng kloer Definitioun néideg wier, wéini eng Wunneng iwwerhaapt als eidel gëllt. Donieft misst gekläert ginn, firwat eng Wunneng net bewunnt ass, zum Beispill wéinst Renovatiounen oder anere perséinleche Grënn.
Ob eng Tax elo dat richtegt Mëttel wier, fir Wunnengen ze mobiliséieren, wollt si awer net soen. Si géif sech eréischt entscheeden, wann all Elementer um Dësch leien.
Si wier och net géint een nationale Register vu Wunnengen a Gebaier, wéi dat mol an der Press geschriwwe gi wier. Si hätt just op d'Schwieregkeeten dovun higewisen.
Dat heescht, wa sou ee Register géing kommen, da wier dat eng gutt Affär, mee och eng Sisyphus-Aarbecht.
Zanter 2014 hätt een awer ugefaangen, all d'Baugeneemegungen ze digitaliséieren. 2011 hätt d'Stad Lëtzebuerg och e Kadaster gemaach, fir eng Opstellung vu Wunnengen ze maachen, déi net bewunnt sinn – dat hätt bal 500.000 Euro kascht.
"A wat ass mat där geschitt? Mer krute vun de Geriichter gesot, datt déi net gülteg wier, datt mer déi Donnéeën, déi mer do erakritt hätten, net dierfte verwenden, eeben aus Schutz-Grënn vu privaten Donnéeën", sou nach d'Lydie Polfer.
Dem Lydie Polfer no ginn et och nach aner Moyenen, fir festzestellen, firwat eng Wunneng eidel steet. De Staat hätt ganz vill Donnéeën, déi kéinte genotzt ginn, fir esou Fäll z'identifizéieren.
"De Staat huet all Donnéeën, fir ze wëssen, wien ass Proprietär vu wat. Kadaster, Proprietär, Impôt foncier – de Staat huet alles, dee weess. En huet och d'Steiererklärung. An der Steiererklärung muss ee jo uginn, wat een erakritt oder eeben net", sou d'Stater Buergermeeschtesch.
En Donneschdeg de Moie war d'Stad Lëtzebuerg Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.