Invité vun der Redaktioun (13. Mäerz)Luc Heuschling, Verfassungsrechtler an Droitsprofesser

Claude Zeimetz
E Freideg de Moien war d'Uni Lëtzebuerg Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
© Cédric Ferry

Si haten e Samschdeg an engem oppene Bréif déi aktuell Gouvernance vun der Uni Lëtzebuerg kritiséiert an hunn e Freideg de Mëtteg eng Entrevue mam Recteur Kreisel, d’Unisprofessere Luc Heuschling a Benoît Majerus.

Firwat misst d’Unisgesetz iwwerschafft ginn? Wéi eng Missioune soll d’Uni Lëtzebuerg iwwerhaapt erfëllen? A wéi géif hien d’Aarbechtsklima beschreiwen? Huet d’Uni Lëtzebuerg e systeemesche Problem mat Mobbing oder sinn et effektiv Eenzelfäll?

Dat alles hu mer e Freideg de Moien um 8 Auer de Verfassungsrechter an Droitsprofesser Luc Heuschling gefrot.

D’Decisiounsprozesser vun der Uni Lëtzebuerg

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO