
Am Kader vum Iran-Krich huet déi international Energieagence hir 32 Memberen opgeruff, am Ganzen 400 Millioune Barrel Pëtrol aus de Reserven ze liberéieren, fir datt d’Präisser sech um Weltmaart berouegen. De Lëtzebuerger Energieminister Lex Delles huet erkläert, datt Lëtzebuerg zwar aus Solidaritéit sech dem unanime Vott ugeschloss huet. Et wier een awer retizent, esou de Minister en Donneschdeg de Moien um RTL-Mikro:
“Soulaang wéi de Problem an der Strooss vun Hormuz net geléist ass, wäerten dann d’Präisser erëm duerno unzéien. Dofir si mer relativ retizent, ech sinn awer amgaange mech ze koordinéieren, och mat deenen aneren Energieministeren aus der EU, fir ze gesinn, wat ka gemaach ginn, wa Lëtzebuerg eppes géif maachen. Déi Decisioun muss bis haut den Owend 18 Auer geholl ginn. Wa mer eppes géife maachen, da géif dat just wierklech eppes Klenges, Symbolesches sinn. Mee mir wäerten eis Reserven zu Lëtzebuerg net grouss opmaachen, fir hei matzemaachen. An där Situatioun si mer am Moment nach net oder net, soudass een elo muss déi Situatioun ganz enk suivéieren a gegeebenefalls reagéieren, mee net haut.”
Aus Solidaritéit huet den Energieminister dann elo am spéiden Nomëtten d’Decisioun geholl, fir eng Contributioun vun 8.385 Tonnen ze maachen. De Grand-Duché huet alles an allem am In- an Ausland Pëtrols-Reserve fir 93 Deeg. Wéi de Minister nach weider preziséiert, wier een den Ament net an enger Pëtrols-Penurie: Lëtzebuerg géif dowéinst net de Besoin gesinn, fir d’Reserve weider grouss opzemaachen.