
Op der Tréierer Autobunn koum et um 6:40 Auer e Mëttwoch tëscht den Ausfaarte Mäertert a Potaschbierg zu engem Accident tëscht engem Auto an engem Moto. De Stau war tëschenzäitlech ronn 7 Kilometer laang.
Géint 9 Auer gouf et dunn Entwarnung: Den Accident ass geraumt an de Stau sollt sech esou lues nees opléisen.
Um kuerz viru 7:30 Auer gouf op der N37 e Cyclist vun engem Auto ugestouss, dobäi goufen zwou Persoune blesséiert. Op der Plaz waren d'Ekippe vum Asazzenter Suessem-Déifferdeng.
Kuerz drop koum et zu enger Kollisioun mat zwee Autoen an der Grand-Rue zu Ëlwen, allerdéngs gouf hei kee blesséiert.
Ee Blesséierte gouf et duerfir an der Avenue de Luxembourg zu Nidderkäerjeng, wéi um kuerz virun 8 Auer en Auto an e Moto kollidéiert sinn. D'Ekippe vun Esch a Käerjeng waren am Asaz.
Da gouf et nach en Accident mat zwee Autoe beim Rond-point Glück an der Stad, blesséiert gouf hei awer keen.
Am Nomëtteg gouf et dann nach weider Asätz fir d'Rettungsekippe vum CGDIS:
Op der N15 tëschent dem Schumannseck a Bidscht si géint 15:15 Auer en Auto an engem Camionnette aneneegerannt, dobäi ass eng Persoun blesséiert ginn, ëm déi sech d'Secouriste vu Wolz an der Stauséigemeng gekëmmert hunn.
Kuerz viru 16 Auer dann en Asaz fir d'Rettungsekippen aus der Stad a vun Hesper um CR226 tëschent Izeg an dem Izegerstee. Hei sinn en Auto an e Bus net laanschtenee komm, blesséiert gouf awer keen.
Eng verwonnt Persoun gouf et dann awer nach um 16:33 Auer op der Lëtzebuerger Strooss zu Péiteng, wou en Auto an e Motorrad aneneegerannt sinn. Am Asaz waren d'Rettungsekippe vu Péiteng a Suessem-Déifferdeng.