
Beim Kichebrand zu Habscht géint 16.45 Auer e Mëttwoch am Nomëtteg waren d’Rettungsdéngschter vu Réiden a Stengefort am Asaz. Ma och d’Pompjeeë vun Habscht, Mamer, Stengefort a Biekerech waren op der Plaz wéi och de Samu Nord. Detailer iwwer Blesséierter ginn et keng.
Dann hat et nach op zwou Plazen am Land gerabbelt. Dat eemol um 18.25 Auer zu Réimech. Do hate sech zwee Ween ze pake kritt an et gouf eng Persoun verwonnt. Dräi Blesséierter gouf et géint 21.30 Auer nach op der Aire de Berchem. Do war e Won an de Gruef geroden.
Gebrannt hat et e Mëttwoch dann och nach am Rollengergronn. Do hat eng Roulotte an enger Wiss Feier gefaangen.